We’ve updated our Terms of Use to reflect our new entity name and address. You can review the changes here.
We’ve updated our Terms of Use. You can review the changes here.

Wat, Wou, Vinyl feat. Corbi

from Ziel Mir Net D​ä​i Liewen by FRESHDAX

/
  • Compact Disc (CD) + Digital Album

    FRESHDAX "Ziel Mir Net Däi Liewen" och op CD. Ab elo kanns du et fir-bestellen. Du dierfs dir dann och schon de ganzen album erof suckelen. SPRANG DROP! AN ZIEL MIR NET DÄI LIEWEN!

    Includes unlimited streaming of Ziel Mir Net Däi Liewen via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
    ships out within 3 days
    Purchasable with gift card

      €5 EUR or more 

     

lyrics

Primout, du klengen Hipster, du sammels Placken,
seriö kënns du Hammel mech elo domat sucken?
Mat wat kann een dech da sou begeeschteren?
Mat wéi enger Leidenschaft kanns du mir d’Waasser reechen?
Jo sou eng Plack ass onpraktesch a schwéier an hëlt Plaz an,
mee se ass wéinstens net gehimmelt nom éischte Krazer.
Siwwenzeger, Achtzeger an Nonzeger.
Sécher man di Krazer hire ganze Charme.
An se dréint, dronken! Uh, dat audiophiilt Knisteren!
Dat geet ab wéi Fonke bei Bensinkanisteren.
Et geet mir ëm d’Knouteren an ëm d’Krakselen,
ëm verstëbste Rillen, déi den Toun uginn, an ech kapsele
mech of. Meng éischt Plack war vum Winnie Pooh,
domat landen ech e grousse Vinyl-Coup.
Mat hirer ganzer Crew maache si meng Mauere schéin,
duerchbuere mech, wéi wann se op mech lauere géingen.

E Graff nom schwaarze Gold an d’Fangere si stëbseger.
Zéi d’Messer aus der Strëmp,
well de gudde Loop, dee schnëtze mer.
Zolveraner Kueb, mam Dax ënnerwee,
dee mam Spuet op de Floumaart no Samples gruewe geet.
Op der Sich no Jazz, Funk, Soul oder Kraut,
eng gutt krätzeg Drum an de Beat, deen ass gebaut.
D’Wuert kënnt geschoss wéi dem Miles
seng Styles aus der Trompett.
Nee, den Axelrod ass net Axelle Red.
Fro eis keng Lächer an de Bauch, mir si keng 45,
mir si Vinylfetischist, an dat ass net geféierlech.
Nee, ausser fir de Portemonnaie,
wann op den deiere Foiren eise Frick dropgeet.
Mee de Vinyl killt den mp3-Star,
an dat mat 33 Emdréiungen um 12-10er.
De schwedeschen Expedit gëtt gefiddert a verwinnt,
där fannt äech gutt, mee mär si mint.

E Mosaik u Referenzen, en Äisbriecher,
Stammdëschdiskussiounen hei uewen an der Wiertschaft.
Dat eenzegt, wat ech weess, iwwert déi ganz Hipsterkeet,
ass, dass en Hipster seng Placken am Urban Outfitters keeft,
mee en huet d’Hänn nach ni déif an de Stëbs gesonk,
op enger Foire an ëm den Eck an der Plackespelunk.
An ech sinn een, deen dem Vinyldealer Dank seet,
net nëmmen Tinitus ass eng audiophil Krankheet.
Mat vill Gepiddels, ouni Mega-Goss,
hunn ech sécher wéint dem Stëbs potenziellen Tetanos.
Ech si kee Connoisseur, mee als Fan op zack,
well bei denger Musekssammlung, do kréien ech Plack.
Woubäi mer rëm beim Thema wieren,
ech wëll no folgendem Schema liewen:
Super Placken, super super super Placken,
ech wëll Placken! Wat? Placken!

credits

from Ziel Mir Net D​ä​i Liewen, released January 18, 2014

license

all rights reserved

tags

about

Noiseworks Records Luxembourg

Noiseworks Records was founded and established in 1989/1990 by Karsten Zinsik, in Chemnitz, Germany. The beginning of a new era for noisy music in the east of Germany.

In 2013 the Trademark of noisy music will be rehabilitated and revived in collaboration with a new face: Giordano Bruno, founder of G Chord Records, 'Versus You' Bass Player and former CEO and creator of Winged Skull Records.
... more

contact / help

Contact Noiseworks Records

Streaming and
Download help

Redeem code

Report this track or account

If you like Noiseworks Records, you may also like: