FRESHDAX "Ziel Mir Net Däi Liewen" och op CD. Ab elo kanns du et fir-bestellen. Du dierfs dir dann och schon de ganzen album erof suckelen. SPRANG DROP! AN ZIEL MIR NET DÄI LIEWEN!
Includes unlimited streaming of Ziel Mir Net Däi Liewen
via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
ships out within 3 days
Purchasable with gift card
€5EURor more
lyrics
Ech sinn e Lëtzebuerger, mee och e klenge Baaschtert.
Meng Mettwurscht hunn ech gär mat Onmenge Moschtert.
De Judd mat Gaardebounen, deen dierf net feelen.
Am Summer spillen ech awer léiwer Petanque wi Keelen.
Well mäi Summer gëtt geschaukelt vun Thymian an Tapenade,
fir d'Sonn aus dem Süde schreiwen ech dës Serenade.
An der Hand dräi Bullen, e Ricard schonn nees.
Zu dem Soundtrack vun de Grille rullen ech de Cochonnet,
dee stolz do läit a keng Angscht kennt.
« Oh, putaing, tu tires ou tu pointes ?! »
Ass jo scho gutt, ech wäert lo schéissen,
mee looss mech just dës Lavendelbrise genéissen.
Chèvrefeuille, Oliven, Holz, frëscht Brout an Anäis,
e bësse Balsam fir de Bols a frësch Loft fir d'Féiss.
Hei ënne ginn d'Sënner mat mir an d'Vakanz.
Déi eng ginn op Teneriffe, ech gi léiwer an d'Provence.
Aha, come on, e bësse Balsam fir de Bols.
Mir hunn all eis Roots an dorop si mer stolz.
Aha, come on, e bësse Balsam fir de Bols.
Mir sangen dëse Song fir d'Sonn aus der Provence.
La Grande Nation, les Bleus an de Sarkozy,
als Fransous zu Lëtzebuerg ass et net cosy.
Okay, an der lescht ass Frankräich net den Hummer,
e Spot a mengem Häerz huet d'Provence awer all Summer.
A come on, ass d'Provence nu wierklech Frankräich?
Géint eng richteg Trennung hätt ech nu wierklech näischt.
Mee zréck zum Thema, ech si jo kee Politiker,
och keen Asi mat engem OM-Sticker
hannen an der Heckscheif, obwuel ech Fan sinn.
Fir Marseille oder Aix verbrennen ech mäi Bensin.
Zënter 27 Summere geet et well dohin,
an ech wäert mir weiderhin d'mediterran Kan ginn.
Do ënnen ass de Lifestyle eng ganz aner Geschicht,
den Chillfaktor ass héich, d'Erwaardunge si schlicht.
Sonn an d'Gosch, Äis an de Pastis,
en Alldag net sou moche wéi hei bei eis Spastis.
Aha, come on, e bësse Balsam fir de Bols.
Mir hunn all eis Roots an dorop si mer stolz.
Aha, come on, e bësse Balsam fir de Bols.
Mir sangen dëse Song fir d'Sonn aus der Provence.
Props fir meng Bomi, déi mam Flair vum Süden iwwerlieft,
mech mat hirem eepesche Couscous iwwerriet,
dës Géigend gär ze hunn, dës Géigend ze schätzen
an d'Natur op Hänn ze droen amplaz ze verletzen.
Mir huele Plaz op enger Terrasse vum Cours Mirabeau.
Duerch de Sonnebrëll gaffe mer diskret den Dammen no
oder vergéissen dräi Tréine fir en Home Sweet Home,
wann d'Sonn ënnergeet iwwert dem Vélodrome.
Et ass schonn zimlech spezifesch, wat ech hei verzapen,
am September dierfs du mir allerdéngs nees Béier zapen.
Muncher vun iech wäerte mech vernennen,
mee deen, dee schonn do ënne war, dee wäert sech erkennen.
Dëst Thema ass net déif, mee nëmmen chill a beweegend.
Mir liewe mat de Sënner an ech si begeeschtert.
Mäi Summer gëtt geschaukelt vun Thymian an Tapenade,
fir d'Sonn aus dem Süde schreiwen ech dës Serenade.
Aha, come on, e bësse Balsam fir de Bols.
Mir hunn all eis Roots an dorop si mer stolz.
Aha, come on, e bësse Balsam fir de Bols.
Mir sangen dëse Song fir d'Sonn aus der Provence.
Noiseworks Records was founded and established in 1989/1990 by Karsten Zinsik, in Chemnitz, Germany. The beginning of a new
era for noisy music in the east of Germany.
In 2013 the Trademark of noisy music will be rehabilitated and revived in collaboration with a new face: Giordano Bruno, founder of G Chord Records, 'Versus You' Bass Player and former CEO and creator of Winged Skull Records....more
Max Goldstein makes "acoustic" music that is a unique mix of guitar, experimental electronics, and percussion. Make indie rock weird again. Bandcamp New & Notable Aug 25, 2021
A churning indie-rock meditation on relationships and personal struggle from the New Jersey band, propelled by powerhouse vocals. Bandcamp New & Notable Apr 8, 2020
A banger from Miami's Palamino Blond leads off a split 12-inch that should be blasted as loudly as possible, preferably from a Camaro. Bandcamp New & Notable Feb 7, 2020