We’ve updated our Terms of Use to reflect our new entity name and address. You can review the changes here.
We’ve updated our Terms of Use. You can review the changes here.
/
  • Compact Disc (CD) + Digital Album

    FRESHDAX "Ziel Mir Net Däi Liewen" och op CD. Ab elo kanns du et fir-bestellen. Du dierfs dir dann och schon de ganzen album erof suckelen. SPRANG DROP! AN ZIEL MIR NET DÄI LIEWEN!

    Includes unlimited streaming of Ziel Mir Net Däi Liewen via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
    ships out within 3 days
    Purchasable with gift card

      €5 EUR or more 

     

lyrics

Mir kéinten ee mat deem anere léif sinn,
wann eis Gehirer zesumme schaffe géifen.
Mee mir si Lidderpänz, an ech droen de Fändel.
Wann s du meng Lidder kenns,
weess du, dass ech träntelen.
Mäin IKEA-Canapé ass nawell sou gemittlech,
dass ech sesshaft gi si wéi e Wellesittech.
Mee onermittlech sichen ech no Méiglechkeeten,
dës Welt z’entfessele vun hiren Héiflechkeeten.
Mat geballter Fauscht schloen ech op meng Armlehnen.
Ech reege mech op iwwert d’Banken an hir Darlehen.
Eis Welt ass krank, an de Virus kënnt net vun ongeféier.
Oh Merde, meng Pizza ass nach am Gefréierfach!
A genau do ass mäi Problem.
Ech hunn dach Potenzial, hunn en och ganz séier opginn.
Dékonzentréierbar wéi e Kand am Heemelzoo
lafen ech mengen Idealer nëmi no.

Mir hunn all eise Wee, dës Welt ze verbesseren.
Ech hu mäin Deel gemeet, ech gi mech nees tässelen.
Ech hu mäin Deel gemeet, dës Welt z’entfesselen.
Sprang drop, sprang drop, sprang drop!

Mir hunn all eise Wee, dës Welt ze verbesseren.
Ech hu mäin Deel gemeet, ech gi mech nees tässelen.
Ech hu mäin Deel gemeet, dës Welt z’entfesselen.
Sprang drop, a looss dech matrappen!

Televisuell krut ech der haut nees béis an d‘Sabbel.
Dëse Canapé ass awer sou confortabel.
Do hëlt een d’Reiziwwerschwemmung gären a kaf
a schléisst seng Hemmung gären an de Schaf.
Déi leschte Kéier, wou ech op enger Demo wollt präsent sinn,
ass et mir just drëms gaangen, d’Schoul ze schwänzen.
„Aaah, Primout, du Schuft, du Egoist, du Onmënsch,
komm eraus aus denger Gruft an erfëll deng Wënsch,
dass Hoffnung statt Bommen iwwert de Globus kraacht.
Wahrscheinlech waarts du rëm gekonnt bis Mokuchsdag?
Setz däin Aarsch an den Aktiv-Modus a maach,
dass du däi Frust vun der Couche op d’Barrikade verlagers!“
Ech gleewen halt net un d’Kraaft vun enger Manif.
Erkläer dach ee mir et, ech si vläit just naiv!
Wann s du dech hei versammels an dir d’Häerz erausbläers,
hues du dach trotzdem keen Impakt op déi aner Hemisphär?
Genau dat liicht mer net an, an dat mecht mech faul.
Ech verdeelen der vill léiwer verbal an d’Akaul.
Ech behaapte mech net drop, mee op d‘mannst hunn ech d’Gefill,
eppes z’erreechen, wann dir an d’Lut gitt wéi Tschernobyl.
Mat geziiltem Entertainment d’Symbiose aleeden,
d’Energie ergräifen an op d’Welt ausbreeden.
Mäi schlecht Gewësse fleet ëm Erléisung
an dëst kléngt dach mol no nohalteger Léisung.

credits

from Ziel Mir Net D​ä​i Liewen, released January 18, 2014

license

all rights reserved

tags

about

Noiseworks Records Luxembourg

Noiseworks Records was founded and established in 1989/1990 by Karsten Zinsik, in Chemnitz, Germany. The beginning of a new era for noisy music in the east of Germany.

In 2013 the Trademark of noisy music will be rehabilitated and revived in collaboration with a new face: Giordano Bruno, founder of G Chord Records, 'Versus You' Bass Player and former CEO and creator of Winged Skull Records.
... more

contact / help

Contact Noiseworks Records

Streaming and
Download help

Redeem code

Report this track or account

If you like Noiseworks Records, you may also like: