We’ve updated our Terms of Use to reflect our new entity name and address. You can review the changes here.
We’ve updated our Terms of Use. You can review the changes here.
/
  • Compact Disc (CD) + Digital Album

    FRESHDAX "Ziel Mir Net Däi Liewen" och op CD. Ab elo kanns du et fir-bestellen. Du dierfs dir dann och schon de ganzen album erof suckelen. SPRANG DROP! AN ZIEL MIR NET DÄI LIEWEN!

    Includes unlimited streaming of Ziel Mir Net Däi Liewen via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
    ships out within 3 days
    Purchasable with gift card

      €5 EUR or more 

     

lyrics

Op enger Skala
vun ABBA bis James Brown,
wéi relax fills du dech haut?

Ech sinn de Primout vun der Crew genannt Freshdax.
Ech sinn nei an der Noperschaft, du Drecksak.
Nach net dacks kopéiert, mee zimlech erreecht,
sinn ech de Störenfried, deen deng Welt beweegt.
Fraleit, hutt dir är Sënne gebeicht?
Freshdax ass am Haus an den Drock steigt.
Elo nerv mech net mat denge Referenzen,
ech wollt schonn ëmmer wéi e Rapper dancen.
Ah tiens? Eng Rap-Szeen! Ech stolperen drop.
Ech erfannen d'Rad net nei, mee pompelen de Pneu op.
Mat der geballter Dosis Distanz zu mir selwer,
den Uptown-Boy vun de Kaltreiser Felder.
Eng Lëtzebuerger Mëschung am Bann vu Réiser,
verschéissen ech kee Polver mee checken de Flava.
Mäi Polver wäert ech wuel ni verschéissen,
mat engem Vocabulaire geschäerft wéi dem Doud seng Séissel.

Freshdax,
kuck wéi relax du bass!
Freshdax,
kuck wéi relax du bass mat dem Freshdax!

Dofir kléngt all Reim wéi mäi leschten,
ech scheie weder Méi, ech scheie weder Käschten.
De Baaschtert-Bouf huet nees zougegraff,
d'Zänn gefeilt an d'Zong geschlaff.
Du bass net topesch, mee wolls et awer.
E Beat esou hypnotesch wéi e Schëff voller Sklaven.
Mir schwéngen d'Rudder mat enger gudder
Portion Kanounefudder, dofir gleef mer Brudder,
gebuerge wéi an der Gebärmutter
verschwannen deng Suerge wéi am Bermuda-
Dräieck, an elo gëtt d'Legend Réalitéit.
Du hues nees verpennt a kënns ze spéit?
Hei ass däi Certificat médical.
Freshdax! mam Prädikat « besonders wertvoll ».
An niewent mir chillt den StA.
Du wëlls de beschten Yeah! Wat häss de gär?
Ergräif däi Rimm, wann s du dech no hanne leens.
Gëff mir e leschte Reim, ech fanne keen.
Haha, hues du dat dote lo matkritt?
E Reim sou fake ewéi e MacRib.
Keng Star wéi de Patrick, erspuer mir däi Slapstick,
mam verbalen Hattrick kicken ech d'Rap-Statistik an d'Lut
wéi beim Hau-den-Lukas – Freshdax, et ass Hummerzäit,
sou relax!

Freshdax – Richteg Männer danzen numol
Freshdax – A meng Moves si fresh, ewéi Odol
Freshdax – Meng Moves si fresh wei Colgate Plax
Freshdax – Kuck wéi relax du bass mat dem Freshdax

credits

from Ziel Mir Net D​ä​i Liewen, released January 18, 2014

license

all rights reserved

tags

about

Noiseworks Records Luxembourg

Noiseworks Records was founded and established in 1989/1990 by Karsten Zinsik, in Chemnitz, Germany. The beginning of a new era for noisy music in the east of Germany.

In 2013 the Trademark of noisy music will be rehabilitated and revived in collaboration with a new face: Giordano Bruno, founder of G Chord Records, 'Versus You' Bass Player and former CEO and creator of Winged Skull Records.
... more

contact / help

Contact Noiseworks Records

Streaming and
Download help

Redeem code

Report this track or account

If you like Noiseworks Records, you may also like: