We’ve updated our Terms of Use to reflect our new entity name and address. You can review the changes here.
We’ve updated our Terms of Use. You can review the changes here.

Onzerst​é​ierbar feat. Bihzy

from Ziel Mir Net D​ä​i Liewen by FRESHDAX

/
  • Compact Disc (CD) + Digital Album

    FRESHDAX "Ziel Mir Net Däi Liewen" och op CD. Ab elo kanns du et fir-bestellen. Du dierfs dir dann och schon de ganzen album erof suckelen. SPRANG DROP! AN ZIEL MIR NET DÄI LIEWEN!

    Includes unlimited streaming of Ziel Mir Net Däi Liewen via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
    ships out within 3 days
    Purchasable with gift card

      €5 EUR or more 

     

lyrics

Ech héieren iech dach all iwwert mech schwätzen.
Ech zécken net, meng ganz Paranoia un den Dësch ze setzen,
well all MC huet iergendwou Verfolgungswahn.
Wann ech him iwwert de Wee lafen, wéi de V vu Volkswagen,
mee muss du der dowéint direkt an d'Maul verginn?
Leschte Kéier, wou ech nogekuckt hunn, wollt ech just ech selwer sinn.
Du mengs, an dëser Crew wiere just Schwuchtelen dran?
Dass ech rappen, fir dass ech mat den Äerm fuchtele kann?
Majo, dann hues du wuel recht, mee leider Pech.
Ech stiechen dech an deng Paranoia riicht an d'Täsch.
Mir si komm, fir ze bleiwen, eis kriss du net ersat.
A fir däin Diss hunn ech e Géigenargument parat:
Sou ass dat an der Stad!
Kriss eng Mëtsch fir 50 Frang an du bass nach net sat.
Klamm mol aus dir raus a kuck dir laang an haart an d'Aen.
Däin Humor huet souvill Grad wéi de Wanter am Alaska.

Zesumme si mer onzerstéierbar wéi den 3310 vun Nokia.
Dofir sot fuck yeah – fuck yeah!
Fuck yeah – fuck yeah!
Mir schlofen, wa mer dout sinn oder wann denger Mamm hir Crocs nees a Moud sinn.
Dofir sot fuck yeah – fuck yeah!
Fuck yeah – fuck yeah!

Easy Bihzy, géi an Zisch of wéi Lispeler!
Ech sinn chill, sou laang sech kee vun iech Freaks sech a mäi Business mëscht.
Et geet ëm Prinzipien, a prinzipiell
mécht all Bitch mir schnell hanne Plaz wéi e Minivan.
Et sinn är Niddergäng!
Keng Ahnung, mee wann deng Mamm stänneg op d‘Knéie bléist,
sinn et dann net och Niddergäng?
Den Typche rappt mat Freshdax, mir sinn och dacks frech,
well d'Liewe mécht dech rau a mëll wéi en Dachspelz.
Géint de Stroum, als wäre mer Lachsschwärm, op der Party d'elegant Hären,
trotzdem asozial wéi Asperger.
Kee Formel-1-Rennen an et richt awer no verbranntenem Gummi,
noodeems ech deng Drecksgaus mat Kondom heesbangen.
Se profiléieren sech, posen, Muskele kontraktéiert,
dobäi gesinn se oft séier d'Stären a si mol net um Walk of Fame.
Krass, ech si sou onräif, mee maach hei net op Boss-gläich,
well du bass wéi franséisch Jongfraen – gossfräi.

Et géing mech reizen, dech ze brieche wéi de Briechreiz,
deen däi whacke Style mir gëtt, ëmmer rëm op Neits Gäizhals.
Du hues dach méi Léift ze verschenken!
Den Äisbierg, deen s du bass, géing d'Titanic léiwer versenken,
wéi een ze fannen, deen deng Wäermt kéint empfänken,
bei deem s du ee faschte kéins an eng ufänken.
An jo, Hip-Hop ass däi Liewen!
An nee, ech weess net, wat s du alles hues misse materliewen,
fir elo hei ze stoen, dech an de Mikro ze bekloen.
Du wiers mir sécher méi sympathesch, wann s du et géings verroden.
Ech erweisen dir extrem wéineg Toleranz,
well s du däi Fanger einfach net an denger Täsch hale kanns
a mat volle Baken a plakegem Fanger
alles a jiddereen an d'Pan klaaks a gratis uprangers.
E Lidd, fir mir z'erklären, dass et dir egal ass, wat ech denken?
Wisou léiss du dech da vu menger Meenung oflenken?

credits

from Ziel Mir Net D​ä​i Liewen, released January 18, 2014

license

all rights reserved

tags

about

Noiseworks Records Luxembourg

Noiseworks Records was founded and established in 1989/1990 by Karsten Zinsik, in Chemnitz, Germany. The beginning of a new era for noisy music in the east of Germany.

In 2013 the Trademark of noisy music will be rehabilitated and revived in collaboration with a new face: Giordano Bruno, founder of G Chord Records, 'Versus You' Bass Player and former CEO and creator of Winged Skull Records.
... more

contact / help

Contact Noiseworks Records

Streaming and
Download help

Redeem code

Report this track or account

If you like Noiseworks Records, you may also like: