FRESHDAX "Ziel Mir Net Däi Liewen" och op CD. Ab elo kanns du et fir-bestellen. Du dierfs dir dann och schon de ganzen album erof suckelen. SPRANG DROP! AN ZIEL MIR NET DÄI LIEWEN!
Includes unlimited streaming of Ziel Mir Net Däi Liewen
via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
ships out within 3 days
Purchasable with gift card
€5EURor more
lyrics
Dat hei si meng zwou Schoulen – Freshdax.
Verhal dir den Numm wéi d’Crew genannt Swollen.
Verbal Feinmotorik wéi Hänn a Moulen,
halen ech de Fixspoun bei d’Kanounen.
Hei komme meng zwou Schoulen,
a soulaang ech net dout sinn, wäert ech hei keng Rou ginn!
Mäi léiwen Hip-Hop, du bass net mäi Liewen,
mee mat dir wäert ech ëmmer no Wourecht striewen.
Schonn deemools, wéi ech nach e Softy war,
war meng éischt grouss Léift d’Loftgittar,
Well ech mat Leit houng, déi ze al fir mech waren,
soutz op der Leitung, a muss haut nach laachen.
Sinn aus der Roll gefall, an de Rock ’n’ Roll gefall.
Meng Eltere mat Metallica vollgelallt
a voll gefoltert, war gesond a monter,
an hunn däi Shit mat haarde Riffs gekontert.
Kee Kand vun Trauregkeet, e Kand vu Bouneweeg.
Meng Ouere krute Streech, an all Kultur huet mech geprägt.
An der Kantin vun der Primärschoul
hu mer d’Kollegen d’Hand gi mat De La Soul.
Mat mengen zwou Schoulen hat ech d’Hänn voll ze dinn.
Wat kënnt elo? Bingo! Rage Against The Machine.
Ka-ching! Alright o.k., ech war direkt verkaf.
Dat do kënnt sou a mäi Liewenslaf.
Ech knuppe Rhymes drop, drop, drop an dowidder,
mee et geet näischt iwwert eng verzerrte Gittar.
Meng zwou Schoulen.
An wann dir wéi ech sidd,
schmäisst är Hänn an d’Lut oder start e Moshpit!
Dat hei si meng zwou Schoulen.
Gebläert oder gerappt wäert ech ëm mäi Liewen flowen.
Ech war net ze uerg pubertär a juvenil,
mee Lëtzebuerg war nach net prett fir sou e Stil.
Ech hu meng Riffs geflowt a meng Flows gerifft.
Ech war fokusséiert, hu mir net d’Bir zougekifft,
wann ech gelift! Fir déi Zäit z’iwwerbrécken,
hunn ech deng Klengkarréiertheet misse schlécken
a krut deng Punk-Scheiklappen opgezwongen.
Du waars esou anarcho, sou fräi sou ongebonnen,
eng Erënnerung, wéi wann dat gëschter war.
Ech sinn net nodroend a kucke sécher op muar.
Déi elitär Punk-Rocker vun de räiche Stroossen
sinn déiselwecht, déi mir haut Zocker an den Aarsch blosen.
Du kanns dech drop verloossen: dat hei si meng zwou Schoulen.
Dass meng Schoule Style hunn, kanns du roueg zouginn.
Mäi Revéier bleift mäi Revéier,
15 Joer op Krichsfouss a knéien net néier.
Hip-Hop a Rock si geschaaft, fir ze verschmëlzen.
15 Joer, dass ech de Schäiss aus dir rausrolzen,
an enger éierlecher Sich no Wourecht an Tugend,
stiermen Barrikaden, veréiwege meng Jugend,
mäi ganze Stolz a keen hëlt mir de Saaft.
Meng zwou Schoule gi mat mir an d’Graf.
Noiseworks Records was founded and established in 1989/1990 by Karsten Zinsik, in Chemnitz, Germany. The beginning of a new
era for noisy music in the east of Germany.
In 2013 the Trademark of noisy music will be rehabilitated and revived in collaboration with a new face: Giordano Bruno, founder of G Chord Records, 'Versus You' Bass Player and former CEO and creator of Winged Skull Records....more
Max Goldstein makes "acoustic" music that is a unique mix of guitar, experimental electronics, and percussion. Make indie rock weird again. Bandcamp New & Notable Aug 25, 2021
A churning indie-rock meditation on relationships and personal struggle from the New Jersey band, propelled by powerhouse vocals. Bandcamp New & Notable Apr 8, 2020
A banger from Miami's Palamino Blond leads off a split 12-inch that should be blasted as loudly as possible, preferably from a Camaro. Bandcamp New & Notable Feb 7, 2020