FRESHDAX "Ziel Mir Net Däi Liewen" och op CD. Ab elo kanns du et fir-bestellen. Du dierfs dir dann och schon de ganzen album erof suckelen. SPRANG DROP! AN ZIEL MIR NET DÄI LIEWEN!
Includes unlimited streaming of Ziel Mir Net Däi Liewen
via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
ships out within 3 days
Purchasable with gift card
€5EURor more
lyrics
An engem Land, an deem mir eis dauernd un d’Bee schéissen,
kommen ech bei dech, fir däin Ënnergang ze begréissen.
Ech sinn e Kënschtler an du bass e Kënschtler.
Nu kuck, nu kuck, dat gönnen ech der dach.
Mee do, wou s du spills, spillen ech wahrscheinlech net.
Do ass de Punkt, wou d’Geschicht zwar peinlech gëtt.
Ech hu vergiess, wéi et ass, däin Talent ze feieren,
ouni mir dobäi latent een ofzeleieren.
Knallhart Konkurrenz, ouni Neid an Haass.
So, wéi war dat fréier, wéi s du nach méi tight waars?
Wann ee mech freet, wéi ass de Concert sou abgaang,
zielen ech em léiwer, wat vertrackt, verkackt an abgefuckt war.
Ech Wrack, soss hunn ech mam Nacke geflackert,
elo sinn ech festgetackert, wann s du dech ofrackers,
feieren ech deng Feeler, gi beim Frohlocken ertappt.
Wéini hues du mech fir d’lescht vum Hocker gerappt?
Oh, oh Kolleg, elo gëtt et Streech.
Deen doten Iwwergang ass däin Ënnergang.
A mengem Bannendran hunn ech de Sënn erkannt.
Ech sinn um Wee Richtung Troun, dofir plënner Mann!
Ech si méi wéi Chef de Gare.
Wat häss de gär?
Ech si méi wéi Chef de Gare.
Wat häss de gär?
An dësem Land ass jidderee jidderengem säin Däiwel.
D’Feegefeier ass mäi Freedefeier a melle mech fräiwel-
leg. Meng Astellung ass Schrott, mee ech hu Vollkasko.
Et geet dach näischt iwwert de séisse Parfum vum Fiasko.
Ech kann dir leider soss näischt méi gönnen,
well däi Kënnen zitt mäi Gewënn no ënnen.
Wou ass en hin de Julien, wat ass nëmme lass?
Wéi laang hunn ech scho keng lokal Band méi genoss?
Wahrscheinlech zënter, dass ech selwer eng sinn.
Ech misst mol rëm Props u meng Helde verginn.
Ech war ni dee vivsten, mee mäi jugendleche Liichtsënn
huet mir erlaabt z’erliewen, wat e Pond Kiischte
Kascht, an ech hat d’Zäit vu mengem Liewen,
wéi d’lokal Pionnéier op mech ofgefierft hunn.
Ech sinn zevill verwinnt a bewosst um Quengelen.
Dobäi hunn ech iech fréier genoss wéi Engelen.
A meng Spiral dréint weider, onermiddlech down.
Gëtt et eppes, wat mir den Appetit löscht? Wuel kaum!
Am Fong hätt ech dech gären um Fong,
mee scheinbar ass mir dat bis lo just selwer gelong.
Ech sinn nees eng Diva, huet keen e Snickers?
Ech haassen zwar deng Band, mee gëff mer trotzdem e Sticker.
Mat deenen Tricker lenken ech vu menger Meenung of.
Gaapsen, High Five, Deenung, Schlof.
Noiseworks Records was founded and established in 1989/1990 by Karsten Zinsik, in Chemnitz, Germany. The beginning of a new
era for noisy music in the east of Germany.
In 2013 the Trademark of noisy music will be rehabilitated and revived in collaboration with a new face: Giordano Bruno, founder of G Chord Records, 'Versus You' Bass Player and former CEO and creator of Winged Skull Records....more
Max Goldstein makes "acoustic" music that is a unique mix of guitar, experimental electronics, and percussion. Make indie rock weird again. Bandcamp New & Notable Aug 25, 2021
A churning indie-rock meditation on relationships and personal struggle from the New Jersey band, propelled by powerhouse vocals. Bandcamp New & Notable Apr 8, 2020
A banger from Miami's Palamino Blond leads off a split 12-inch that should be blasted as loudly as possible, preferably from a Camaro. Bandcamp New & Notable Feb 7, 2020