We’ve updated our Terms of Use to reflect our new entity name and address. You can review the changes here.
We’ve updated our Terms of Use. You can review the changes here.
/
  • Compact Disc (CD) + Digital Album

    FRESHDAX "Ziel Mir Net Däi Liewen" och op CD. Ab elo kanns du et fir-bestellen. Du dierfs dir dann och schon de ganzen album erof suckelen. SPRANG DROP! AN ZIEL MIR NET DÄI LIEWEN!

    Includes unlimited streaming of Ziel Mir Net Däi Liewen via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
    ships out within 3 days
    Purchasable with gift card

      €5 EUR or more 

     

lyrics

Mat méi oder wéineger Geheimratseck,
eis Glatz kënnt korrekt
an du hues dat direkt gecheckt,
Freshdax kënnt korrekt.
Mir hunn se fir d’Vrecken na net weggespeckt,
eis Panz kënnt korrekt
an du hues dat direkt gecheckt,
Freshdax kënnt korrekt.

Spontan wéi Tourette agespaant op dëser Achterbahn,
wann ech meng Saach man, klappen ech dech wéi Schlagsahn.
De Reimverfeinerer, deen dës Szeen mat Rahm versetzt,
Rahm regelt alles ronderëm mech, ausser dës Sätz.
Well ech benotze Begrëffer aus mengem Alldag
wéi zum Beispill Ouereschlëffer oder Calamar.
A wisou? Ma einfach sou, well ech et ka maachen.
Wisou wielen tëscht Wellesitteg a Kanarie?
Ech muss mech just hetzen, tommelen a fläissen,
fir dir mat mengem Wortschatz d’Rommel ofzeräissen,
dass du gesäiss, dass du mat denger Auswiel un honnert Wierder
am Krees dréins an eis Sprooch ënnert d’Rieder
bréngs. Denks, du kéins mat lénks eist Ierwen erwiergen,
mat dengem virgeknate Knascht ewéi Erbriechen.
Ech verfluchen deng Muschitéin à la Gucci Mane
a knéie vrum Moment, wou keen Hunn méi no dir kréint.

Du denks, mir hätte keng ze zielen,
well mir kee Liewen hunn?
Dass mir déi Léif Eedem sinn, vun Niewedrun?
Mir hunn d’Häerz um rechte Fleck, mee mir zünde Bommen.
D’Leit sollen eis soen, wéi korrekt mir kommen.

An, hues du däi Kapp awer schonn a Rou geluet?
Ech komme funky a makaber wéi eng Lowrider-Doudelued.
Ech empfannen eng gewësse Liichtegkeet,
schwätzen den Dudes an d’Gewëssen
an de Mossen an d’Fiichtegkeet.
Ech kann dat hei net méi verschweigen:
D’Reesender a Richtung Routine, gi gebieden, ëmzesteigen.
Stellen d’Weichen a verspeise Gleisen,
dreiwen et bont wéi den James an net schwaarz-wäiss
- Edward Steichen.
Wéi s du héiers, sinn ech kee Perfektionist,
mee zimlech pingelesch,
wann s du den Accent net lassgëss,
“don’t rap in English”.
Sécher, ech fléissen och nach net wéi en Ami,
mee an dëser Sprooch sinn onendlech Referenzen ze fannen.
Eis Sprooch ass numol eng Barbaresprooch
an däi Lëtzebuerger Emo-Schäiss hëlt keen der of!

credits

from Ziel Mir Net D​ä​i Liewen, released January 18, 2014

license

all rights reserved

tags

about

Noiseworks Records Luxembourg

Noiseworks Records was founded and established in 1989/1990 by Karsten Zinsik, in Chemnitz, Germany. The beginning of a new era for noisy music in the east of Germany.

In 2013 the Trademark of noisy music will be rehabilitated and revived in collaboration with a new face: Giordano Bruno, founder of G Chord Records, 'Versus You' Bass Player and former CEO and creator of Winged Skull Records.
... more

contact / help

Contact Noiseworks Records

Streaming and
Download help

Redeem code

Report this track or account

If you like Noiseworks Records, you may also like: