FRESHDAX "Ziel Mir Net Däi Liewen" och op CD. Ab elo kanns du et fir-bestellen. Du dierfs dir dann och schon de ganzen album erof suckelen. SPRANG DROP! AN ZIEL MIR NET DÄI LIEWEN!
Includes unlimited streaming of Ziel Mir Net Däi Liewen
via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
Oh nee, ech gouf et grad gewuer:
iwwert meng Spillplaz ass Gras gewuess.
Wéi den Attila an seng Hunnen-Arméi
hat ech geduecht, do, wou ech higinn,
do wiisst kee Gras méi.
Um Klettergerüst, do war ech zwar keen Held,
mee meng Kannerwelt ass elo e gréngt Feld.
Fréi aus de Fiederen a séier an d’Sandkaul,
well ee mat fiichtem Sand déi beschte Buerg baut.
Niewebäi de Kazekack mat ausgebuddelt,
d’Hänn hu gefacht an d’Nues huet gesuddelt.
Eis Spillplaz, mir dreiwen eist Onwiesen,
hunn eis Dreem gefeiert bis zum Owesiessen.
Ënnert deem Gras, do lieft de Geescht nach virun.
Mir Kanner vun deemools, getest op Häerz an Nieren.
Mir Kanner vun deemools, ech kann et bis haut spieren,
dat war di beschten Zäit vun eisem Liewen.
Baby, dat waren déi gutt Zäiten.
Virun de gudden Zäite wëll ech mäin Hutt ergräifen.
Mat der Zäit si mer vläit onerkannt méi räif ginn.
Ech héieren ëmmer rëm mäin ënnert Kand jäitzen.
Baby, dat waren déi gutt Zäiten.
Virun de gudden Zäite wëll ech mäin Hutt ergräifen.
Näischt bleift iwwreg, ausser d’Erënnerung,
mee déi ka keen ons huelen, well mer se fir ëmmer hunn.
Oh nee, ech gouf et grad gewuer:
iwwert meng Spillplaz ass Gras gewuess.
Wéi mer méi al gi sinn, ass d’Loscht verfloss
an hunn d’Plastiksschëpp mam Walkman getosch.
Mir hate Bock op Hard Rock an Hip-Hop,
niewebäi nach féx eng Partie Jicke gezockt.
Dat war de Glanz, mir hunn dobausse gelieft,
frësch Loft op d’Panz vu Fréijoer bis Hierscht.
Mat opgerappte Kleeder a wonne Knéien
hu mir eis um siwe missen heem verzéien.
D‘Zänn gewäsch an an de Schlof gegaapst
als ongekréinte Prënze
vun der Bouneweger Spillplaz.
Mir Kanner vun deemools, eis gëtt et haut net méi.
Mir Kanner vun haut, mir sëtze virun der Play-
Station, um Facebook an op Twitter.
Ech hunn d’Genéck geflext op d’Villerchersgezwitscher.
Mat de Rollluede rof, de Controller ugeschweesst.
Mir Kanner hunn haut Swag, ech hunn Immunsystem.
Dass ech haut sou wéineg krank sinn,
hunn ech dem Kazekack
an der Sandkëscht ze verdanken.
Noiseworks Records was founded and established in 1989/1990 by Karsten Zinsik, in Chemnitz, Germany. The beginning of a new
era for noisy music in the east of Germany.
In 2013 the Trademark of noisy music will be rehabilitated and revived in collaboration with a new face: Giordano Bruno, founder of G Chord Records, 'Versus You' Bass Player and former CEO and creator of Winged Skull Records....more
Max Goldstein makes "acoustic" music that is a unique mix of guitar, experimental electronics, and percussion. Make indie rock weird again. Bandcamp New & Notable Aug 25, 2021
A churning indie-rock meditation on relationships and personal struggle from the New Jersey band, propelled by powerhouse vocals. Bandcamp New & Notable Apr 8, 2020
A banger from Miami's Palamino Blond leads off a split 12-inch that should be blasted as loudly as possible, preferably from a Camaro. Bandcamp New & Notable Feb 7, 2020