We’ve updated our Terms of Use to reflect our new entity name and address. You can review the changes here.
We’ve updated our Terms of Use. You can review the changes here.
/
  • Compact Disc (CD) + Digital Album

    FRESHDAX "Ziel Mir Net Däi Liewen" och op CD. Ab elo kanns du et fir-bestellen. Du dierfs dir dann och schon de ganzen album erof suckelen. SPRANG DROP! AN ZIEL MIR NET DÄI LIEWEN!

    Includes unlimited streaming of Ziel Mir Net Däi Liewen via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
    ships out within 3 days
    Purchasable with gift card

      €5 EUR or more 

     

lyrics

Ech hat bal geduecht, elo wier ech erwuessen.
Et ass Afterwork, mat lauter feschen Huesen,
mat Minijuppen, déi de Barometer sprengen,
déi hir Carrièresdreem am Mojito tränken.
Mojito Ergo Sum, Krawatten hannendrun.
De Rank an der Täsch an net um Fanger drun,
d’Krawatte sëtzen um Troun, a sätzen den Toun.
Darling weis mir d’Ausmoosse vun denger Ambitioun.
‘t ass dach wouer, du kleng Corporate-Houer!
Bass du gutt geknuppt ginn? – Schueberfouer.
Hei verbréngt all Biatch seng Carrière op de Knéien,
an ech wollt dach just dem Chômage entfléien,
als Grafiker an der Finanzwelt vum Kierchbierg,
d’Krawatt huet mech erwiergt an et goung héich hir.
Meng Krawatt bestätegt meng Verantwortung,
meng eigentlech Aarbecht war eng Zoumuddung.

Ziel mir net däi Liewen, well ech zielen dir lo mäint!
D’Krawatte si verbäi, an ech fille mech sou fräi.

Sincerely, cordialement, mit besten Grüßen –
ech hat déi beschte Spréch, fir de Client ze sucen:
Veuillez agréer Madame, Monsieur
l’assurance de mes sentiments les meilleurs.
“Ach, Herr Primout, Sie sind echt nett!”
Ech kann et jo, mee dat do sinn ech net,
dofir straight vum Kierchbierg op Esch/Alzette,
wäit ewech vun de Fongen a fort vun all Knaschtkätt.
Ech betruechten déi lescht dräi Joer mat Distanz
an d’Escher Sonn brennt mir elo op d’Panz,
mat manner Eleganz, mee méi Substanz.
Badgen ech meng Präsenz mat engem klengen Danz
wéi eng Antilope, goodbye glamour,
sinn ech méi Philantrope wéi d’Schweigen der Lämmer,
frequentéiere vill Rassen a vill domm Schnësser,
si si meng nei Bridder, och wann si dat nach net wëssen.
Ech sinn nees de Julien, net de Monsieur Primout
A verdaamt namol, wat geet et mer gutt!
D’Krawatt bleift elo mol Schaf doheem,
well d’Krawatt passt net bei d‘Aloha-Hiem.
Ech hat nach keng Zäit, dëse Wandel ze bedaueren,
op dëser Terrasse kéint ech nawell sou versaueren.
Ouni dass d’Krawatte mir oplaueren,
kann d’Paus mol locker méi laang daueren.
Vun der Glënnerwelt an d’Ënnerwelt
sinn ech een, dee mol driwwer steet, mol drënner fällt.
Mee ech war e Kënschtler, ech bleiwen e Kënschtler.
A well ech et kann, erfëllen ech mir meng Wënsch nach.
Stolper, stolper an de Jugendpëtz gefetzt.
Vläit huet d’Krawatt mech virum Ersaufe gerett.
Dës City ass en Challenge a bis ech den Dréi eraus hunn,
chillen ech duerch d’City mat menge Beats by Dre un.

credits

from Ziel Mir Net D​ä​i Liewen, released January 18, 2014

license

all rights reserved

tags

about

Noiseworks Records Luxembourg

Noiseworks Records was founded and established in 1989/1990 by Karsten Zinsik, in Chemnitz, Germany. The beginning of a new era for noisy music in the east of Germany.

In 2013 the Trademark of noisy music will be rehabilitated and revived in collaboration with a new face: Giordano Bruno, founder of G Chord Records, 'Versus You' Bass Player and former CEO and creator of Winged Skull Records.
... more

contact / help

Contact Noiseworks Records

Streaming and
Download help

Redeem code

Report this track or account

If you like Noiseworks Records, you may also like: