FRESHDAX "Ziel Mir Net Däi Liewen" och op CD. Ab elo kanns du et fir-bestellen. Du dierfs dir dann och schon de ganzen album erof suckelen. SPRANG DROP! AN ZIEL MIR NET DÄI LIEWEN!
Includes unlimited streaming of Ziel Mir Net Däi Liewen
via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
ships out within 3 days
Purchasable with gift card
€5EURor more
lyrics
De Julien, de Primout, dee vu Bouneweg,
dee mat senger Mamm Videospiller loune geet.
Dat war schonn zimlech cool, mat menger Mamm ze gamen.
Punkto Erzéiung konnt ech wierklech téinen,
mee punkto Style hat ech ni Härgott mat der décker Zéif.
Hannendra mat der Moud an ni virbäi mat der Léift,
well ech war ëmmer liicht ze déck, fir de Player ze sinn,
komplexéiert an ze schei, fir veréiert ze ginn.
18 Joer fir d'Kéier ze kréien.
An 20 fir vu Kommer zerstéiert ze ginn.
Ech hat vill Kollegen, ech ka mech net bekloen,
mee gouf als lescht gewielt, fir am Goal ze stoen.
Jo, als klengen Décken huet een et net einfach.
Meng Pullovere koumen aus dem Adler
an aus dem C&A, et war net sou de KIK,
mee fir Bad N Mad ze droen, war ech halt ze déck.
Der Mamm hire Beschten,
komm mech einfach un de Mic testen!
Als klenge Bouf wousst ech, do kënnt ganz Grousses.
Meng éischt CD war vu Guns n' Roses.
O.k., baussen hunn ech ausgesi wéi en Dillendapp,
mee dunn ass et lassgaang a mengem chille Kapp.
Do hat ech eppes Apaartes, wat soss keen hat
an et huet gutt geschmaacht, sou wéi eng Crèmetaart.
Mäi Sënn fir Groove huet sech säitdeem entwéckelt.
Fir de Groove liewen ech a gi vum Groove zerbréckelt.
Als Fötus hunn ech schonn de Groove héieren.
An der Gebärmutter konnt ech zum Meloman mutéieren.
Si huet alles gelauschtert, ech maachen net de Geck, Son.
Vun de Comedian Harmonists bis zum Michael Jackson.
De Rhythmus ze halen, jo dat fällt mer liicht.
Ech klappen an d'Hänn, mäin Tinitus piipst am Beat.
An elo stinn ech hei mat mengem Style, an zwar e fetten.
Sief et Hip-Hop, Elektro, Hardcore oder Metal,
well ech war kee Punk, kee Streber an net Fashion.
Just e Kand mam Gedanken, sech permanent z'iwwertreffen,
an zwar mam freshe Gedankegang,
deen sech an d'Ouere klemmt wéi Kletten.
A wetten, ech retten däin adretten Alldag
aus de Routinëketten.
Der Mamm hire Beschten!
Meng Inspiratioun kënnt vun de Skeletten,
vun de Läichen, déi sech a mengem Keller gestaut hätten,
wann ech net geléiert hätt, vu menge Problemer ze schwätzen
an ze verstoen, dass fir mech ze schounen,
muss ech mol anerer verletzen.
Noiseworks Records was founded and established in 1989/1990 by Karsten Zinsik, in Chemnitz, Germany. The beginning of a new
era for noisy music in the east of Germany.
In 2013 the Trademark of noisy music will be rehabilitated and revived in collaboration with a new face: Giordano Bruno, founder of G Chord Records, 'Versus You' Bass Player and former CEO and creator of Winged Skull Records....more
Max Goldstein makes "acoustic" music that is a unique mix of guitar, experimental electronics, and percussion. Make indie rock weird again. Bandcamp New & Notable Aug 25, 2021
A churning indie-rock meditation on relationships and personal struggle from the New Jersey band, propelled by powerhouse vocals. Bandcamp New & Notable Apr 8, 2020
A banger from Miami's Palamino Blond leads off a split 12-inch that should be blasted as loudly as possible, preferably from a Camaro. Bandcamp New & Notable Feb 7, 2020