We’ve updated our Terms of Use to reflect our new entity name and address. You can review the changes here.
We’ve updated our Terms of Use. You can review the changes here.
/
  • Compact Disc (CD) + Digital Album

    FRESHDAX "Ziel Mir Net Däi Liewen" och op CD. Ab elo kanns du et fir-bestellen. Du dierfs dir dann och schon de ganzen album erof suckelen. SPRANG DROP! AN ZIEL MIR NET DÄI LIEWEN!

    Includes unlimited streaming of Ziel Mir Net Däi Liewen via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
    ships out within 3 days
    Purchasable with gift card

      €5 EUR or more 

     

lyrics

Déi Realitéit, déi scho laang op der Hand läit,
et war alles just eng Fro vun der Zäit,
bis ech meng Wuerzele mam Beil ausgruewen,
mech bloussstellen, lo geet alles steil no uewen.
Meng ënner Fuerwen sinn nach ni gestuerwen,
bewierken d’Kettereaktioun wéi zu Kettenuewen.
Mir sinn zu Lëtzebuerg, hal op mech ze luewen!
Bei de Skills hunn ech dräimol de Fanger gehuewen.
Mat iech luesen Huese wëll ech eh net mathalen.
All Sonnden hänkt der dach an de Foireshalen,
fir déi bescht Reklamm op Teneriffe an d’Croisière.
Ech klemmen dir e stramme Riff hannert d’Snare
fir d’Palpitatioun an d’Fonken an den Aen.
Net alles Gold, wat glänzt, mee this is my time to shine.
Spontan ginn ech mir eng reng Dimensioun,
dofir wënschen ech mir och nach keng Pensioun.

Strategesch täteg an du scheiters kläglech.
Ech sinn d’Ausnahm, déi keng Regel bestätegt.

Scho laang net méi gesinn!
Wéi ergeet et dir der Deeg dann?
Nee, Wahnsinn, du bass och Schoulmeeschter!?
Ah pardon, beim Staat Redakter?
Bass méi schëtzeg ënnerwee ewéi en Trakter.
Ech well dech net pisaken, keng domm Bemierkungen,
mee ey, wou ass dann do den Trick drun?
Keng Risiken, keng Niewewierkungen,
keng Visite beim Apdikter.
Autsch, autsch, ënnert d’Gürtellinn.
Schonn e Liewe gelieft, an deem et Hürde ginn?
Déi eng oder aner vläicht iwwerwonnen?
Gesponsert vun dem Papa all Mount iwwert d’Ronnen.
Wa jo, da verkraafts du och dat do.
Den einfache Wee ass net fir jiddereen dispo.
Ech fir mäin Deel, hunn emmer gär gemoolt.
Mee ni als Kënschtler, denke gewot.

Strategesch täteg an du scheiters kläglech
Ech sinn d’Ausnahm, déi keng Regel bestätegt

Normal an der Schoul, borderline Streber,
wollt ech mäi Coole spillen op enger C-Klass,
mat all menge Frënn, e legendären Hanger,
mol locker ëm e Joer verlängert,
spéider dunn den Hangover mam Colli gefaasst.
An d’Wësseschaft duerch Konscht ersat.
Ech hat mir versprach, ze léieren, wat mer Freed mécht.
Nach ni selwer gekacht, mee fort vun der Heemecht.
Kee Bock op Kompromësser a geschass op d’Aussiichten.
Dobäi ginn ech zou, mäi Wee war kee liichten.
Ech drécken net gär op d’Tréinendrüs,
mee Freed iwwer Goss ass eng treffend Excuse.
Mat e bësse Mutt a ganz vill Häerzblutt
steet en hei, dee Baaschtert vu Primout.
Dobäi leet en all Wuert op siwe Goldwoen.
Ab elo steet en do, wou en ëmmer wollt stoen.

credits

from Ziel Mir Net D​ä​i Liewen, released January 18, 2014

license

all rights reserved

tags

about

Noiseworks Records Luxembourg

Noiseworks Records was founded and established in 1989/1990 by Karsten Zinsik, in Chemnitz, Germany. The beginning of a new era for noisy music in the east of Germany.

In 2013 the Trademark of noisy music will be rehabilitated and revived in collaboration with a new face: Giordano Bruno, founder of G Chord Records, 'Versus You' Bass Player and former CEO and creator of Winged Skull Records.
... more

contact / help

Contact Noiseworks Records

Streaming and
Download help

Redeem code

Report this track or account

If you like Noiseworks Records, you may also like: