We’ve updated our Terms of Use to reflect our new entity name and address. You can review the changes here.
We’ve updated our Terms of Use. You can review the changes here.

Bon Ech Mengeneeeeh Voila

from Ziel Mir Net D​ä​i Liewen by FRESHDAX

/
  • Compact Disc (CD) + Digital Album

    FRESHDAX "Ziel Mir Net Däi Liewen" och op CD. Ab elo kanns du et fir-bestellen. Du dierfs dir dann och schon de ganzen album erof suckelen. SPRANG DROP! AN ZIEL MIR NET DÄI LIEWEN!

    Includes unlimited streaming of Ziel Mir Net Däi Liewen via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
    ships out within 3 days
    Purchasable with gift card

      €5 EUR or more 

     

lyrics

Also ech maache meng Positioun op Anhieb kloer
an et huet kee Wäert, hei elo grouss Hoer-
spalterei ze bedreiwen, well dat dréit och näischt
zum eigentlechen Thema bäi,
wou et jo ëmmer nach soll drëms goen,
dass du net einfach esou kanns higoen a soen,
oder nach besser ausgedréckt « behaapten »,
ech géing sprange vun Hippches op Happches.
Well vun Ufank un, a sécher och schlussendlech,
sech deen eigentlech Betraffene muss erkenntlech
maachen, soss tappe mer am Däischteren.
Oder, wéi soen eis däitsch Frënn ?
« Wir tappen im Dustern ». An da get muer gezielt,
mir fueren no deem Muster, an entschëllegt d’Wuertwiel,
bäissen eis an den eegenen … ech mengen, dir wësst schonn.
D’Gerücht mécht der Deeg nawell gewëss schonn d’Ronn.
Souwisou, et ass einfach, dëst an dat an d’Ronn ze geheien,
wann een sech net mol d‘Zäit hëlt, Pro a Kontra auszeweien.
Mee dir wësst jo, wat ee sou seet punkto alen Af,
nediert ? Gesitt dir, lo hätt ech mech bal verlaf.
An iwwerhaapt, do hu mer et nees, verstitt dir ?
Genau do läit d’Konscht vu mengem Métier,
oder besser gesot « Beruff ». Alles eng Saach vun der Perspektiv.
Dat ass wéi d’Spektiv hannert dem Detektiv.
Oder war et ëmgedréint? Nujee, et ass jo och egal,
well wann d’Fakten um Dësch sinn, hu mir d’Wahl der Qual,
euh, d’ Qual der Wahl, wuelverstan!
An déi Informatioun ass net just fir den huelen Zant.
Ech géing iech roden, dovun dat Bescht ofzeschneiden.
All iwwerstierzte Folgerung géing ech wéi d’Pescht vermeiden.
Anescht formuléiert, bréngt eis déi Démarche näischt.
No laangem Iwwerleeën soen ech kategoresch « vläicht ».

Manner Eukalyptus bedeit manner Koala
Mee ech mengen eeeeh … bon voilà !
Hutus an Tutsis am Ruanda
Mee ech mengen eeeeh … bon voilà !
Se blosen sech d’Bir weg beim Obama
Mee ech mengen eeeeh… bon voilà !
Dräimol « vive » fir Wikipedia !
Well ech mengen eeeeh… bon voilà !

Wéi et dann sou steet mat deem ganzen Zingelabumm ?
E gudde Rot: Huelt iech an Uecht, well soss ginn et der vum
Housécker perséinlech. Heen huet jo eng Rutt.
Am Géigesaz zu eis, eng Route ass net genuch.
Et brauch een där méi, fir dass eng Idee sech entfale kann,
fir dass déi eng Halschent « Jo » seet an déi aner sech enthale kann.
Sou einfach ass et, mir hunn e Punkt A an e Punkt B.
An elo ouni Sophistikatioun an ouni Prunk, nee !
Zéien ech, am Géigesaz zu iech, eng rit Linn
tëschent deem, wat ass, an tëschent deem, wat kéint sinn.
Ech recroquevilléiere mech net op geschwolle Begrëffer.
Ech wëll jo net den Norde verléiere wéi verscholle Schëffer.
Ech hunn nëmmen eng Meenung, dofir schwanken ech,
ergräifen ech d’Geleegenheet a bedanke mech
fir d’Ramifikatiounen, déi dës Fro zouléisst.
Mee et ass dach sou einfach, wéi wann ee bouschéisst:
do huet de Feil dach och seng Trajectoire !
Erklär mir een, wat elo sou tragesch war ?
Et ass alles just eng Saach vu Réckhalt.
Bon … an eng Saach vu Réckgrat, ech huelen dat zréck halt.
Ech rektifiéieren : Réckhalt a Réckgrat.
Autrement dit, ech huelen alles zréck grad.
Dir Leit, jo genau dir, dir huelt alles fir boer
Mënz, meng Positioun war op Anhieb kloer !

credits

from Ziel Mir Net D​ä​i Liewen, released January 18, 2014

license

all rights reserved

tags

about

Noiseworks Records Luxembourg

Noiseworks Records was founded and established in 1989/1990 by Karsten Zinsik, in Chemnitz, Germany. The beginning of a new era for noisy music in the east of Germany.

In 2013 the Trademark of noisy music will be rehabilitated and revived in collaboration with a new face: Giordano Bruno, founder of G Chord Records, 'Versus You' Bass Player and former CEO and creator of Winged Skull Records.
... more

contact / help

Contact Noiseworks Records

Streaming and
Download help

Redeem code

Report this track or account

If you like Noiseworks Records, you may also like: