We’ve updated our Terms of Use to reflect our new entity name and address. You can review the changes here.
We’ve updated our Terms of Use. You can review the changes here.

Ziel Mir Net D​ä​i Liewen

by FRESHDAX

supported by
/
  • Streaming + Download

    Includes unlimited streaming via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.

    FRESHDAX "Ziel Mir Net Däi Liewen"
    16 tracks matt phänomenalen texter op Letzebuergesch, gäil Beatz an awesome guest appearances.
    Purchasable with gift card

      €5 EUR

     

  • Compact Disc (CD) + Digital Album

    FRESHDAX "Ziel Mir Net Däi Liewen" och op CD. Ab elo kanns du et fir-bestellen. Du dierfs dir dann och schon de ganzen album erof suckelen. SPRANG DROP! AN ZIEL MIR NET DÄI LIEWEN!

    Includes unlimited streaming of Ziel Mir Net Däi Liewen via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
    ships out within 3 days
    Purchasable with gift card

      €5 EUR or more 

     

  • Full Digital Discography

    Get all 22 Noiseworks Records releases available on Bandcamp and save 35%.

    Includes unlimited streaming via the free Bandcamp app, plus high-quality downloads of Petty Spites, For The Princess, You Better, Rocket To Rushmore, Ëmmer nach ech, E bësse Léift, Alles Beim Alen, Alen, Hip Hop for Life 2, and 14 more. , and , .

    Purchasable with gift card

      €76.05 EUR or more (35% OFF)

     

1.
Et as mer langweileg, a wat e schäiss Wieder Schécks du bass peinlech, ziel mir net däi Liewen! Mäi Bébé huet d’Moogripp, ech wäert nach mierf ginn Oooooooooh! Ziel mir net däi Liewen! Mee de Broccoli war bestëmmt verduewen Bro mir platzt de Colli, ziel mir net däi Liewen! De Jesus as d’Äntwert op all Fro Komm mir net ze no, ziel mir net däi Liewen! Ech well dach just meng Meenung vertrieden An ech vertriede méng: Ziel mir net däi Liewen! Well hei kennt Freshdax, a mir wäerten ofhiewen Erspuer mir däin Drama, ziel mir net däi Liewen!
2.
Sou Relax 03:37
Op enger Skala vun ABBA bis James Brown, wéi relax fills du dech haut? Ech sinn de Primout vun der Crew genannt Freshdax. Ech sinn nei an der Noperschaft, du Drecksak. Nach net dacks kopéiert, mee zimlech erreecht, sinn ech de Störenfried, deen deng Welt beweegt. Fraleit, hutt dir är Sënne gebeicht? Freshdax ass am Haus an den Drock steigt. Elo nerv mech net mat denge Referenzen, ech wollt schonn ëmmer wéi e Rapper dancen. Ah tiens? Eng Rap-Szeen! Ech stolperen drop. Ech erfannen d'Rad net nei, mee pompelen de Pneu op. Mat der geballter Dosis Distanz zu mir selwer, den Uptown-Boy vun de Kaltreiser Felder. Eng Lëtzebuerger Mëschung am Bann vu Réiser, verschéissen ech kee Polver mee checken de Flava. Mäi Polver wäert ech wuel ni verschéissen, mat engem Vocabulaire geschäerft wéi dem Doud seng Séissel. Freshdax, kuck wéi relax du bass! Freshdax, kuck wéi relax du bass mat dem Freshdax! Dofir kléngt all Reim wéi mäi leschten, ech scheie weder Méi, ech scheie weder Käschten. De Baaschtert-Bouf huet nees zougegraff, d'Zänn gefeilt an d'Zong geschlaff. Du bass net topesch, mee wolls et awer. E Beat esou hypnotesch wéi e Schëff voller Sklaven. Mir schwéngen d'Rudder mat enger gudder Portion Kanounefudder, dofir gleef mer Brudder, gebuerge wéi an der Gebärmutter verschwannen deng Suerge wéi am Bermuda- Dräieck, an elo gëtt d'Legend Réalitéit. Du hues nees verpennt a kënns ze spéit? Hei ass däi Certificat médical. Freshdax! mam Prädikat « besonders wertvoll ». An niewent mir chillt den StA. Du wëlls de beschten Yeah! Wat häss de gär? Ergräif däi Rimm, wann s du dech no hanne leens. Gëff mir e leschte Reim, ech fanne keen. Haha, hues du dat dote lo matkritt? E Reim sou fake ewéi e MacRib. Keng Star wéi de Patrick, erspuer mir däi Slapstick, mam verbalen Hattrick kicken ech d'Rap-Statistik an d'Lut wéi beim Hau-den-Lukas – Freshdax, et ass Hummerzäit, sou relax! Freshdax – Richteg Männer danzen numol Freshdax – A meng Moves si fresh, ewéi Odol Freshdax – Meng Moves si fresh wei Colgate Plax Freshdax – Kuck wéi relax du bass mat dem Freshdax
3.
Ech sinn e Lëtzebuerger, mee och e klenge Baaschtert. Meng Mettwurscht hunn ech gär mat Onmenge Moschtert. De Judd mat Gaardebounen, deen dierf net feelen. Am Summer spillen ech awer léiwer Petanque wi Keelen. Well mäi Summer gëtt geschaukelt vun Thymian an Tapenade, fir d'Sonn aus dem Süde schreiwen ech dës Serenade. An der Hand dräi Bullen, e Ricard schonn nees. Zu dem Soundtrack vun de Grille rullen ech de Cochonnet, dee stolz do läit a keng Angscht kennt. « Oh, putaing, tu tires ou tu pointes ?! » Ass jo scho gutt, ech wäert lo schéissen, mee looss mech just dës Lavendelbrise genéissen. Chèvrefeuille, Oliven, Holz, frëscht Brout an Anäis, e bësse Balsam fir de Bols a frësch Loft fir d'Féiss. Hei ënne ginn d'Sënner mat mir an d'Vakanz. Déi eng ginn op Teneriffe, ech gi léiwer an d'Provence. Aha, come on, e bësse Balsam fir de Bols. Mir hunn all eis Roots an dorop si mer stolz. Aha, come on, e bësse Balsam fir de Bols. Mir sangen dëse Song fir d'Sonn aus der Provence. La Grande Nation, les Bleus an de Sarkozy, als Fransous zu Lëtzebuerg ass et net cosy. Okay, an der lescht ass Frankräich net den Hummer, e Spot a mengem Häerz huet d'Provence awer all Summer. A come on, ass d'Provence nu wierklech Frankräich? Géint eng richteg Trennung hätt ech nu wierklech näischt. Mee zréck zum Thema, ech si jo kee Politiker, och keen Asi mat engem OM-Sticker hannen an der Heckscheif, obwuel ech Fan sinn. Fir Marseille oder Aix verbrennen ech mäi Bensin. Zënter 27 Summere geet et well dohin, an ech wäert mir weiderhin d'mediterran Kan ginn. Do ënnen ass de Lifestyle eng ganz aner Geschicht, den Chillfaktor ass héich, d'Erwaardunge si schlicht. Sonn an d'Gosch, Äis an de Pastis, en Alldag net sou moche wéi hei bei eis Spastis. Aha, come on, e bësse Balsam fir de Bols. Mir hunn all eis Roots an dorop si mer stolz. Aha, come on, e bësse Balsam fir de Bols. Mir sangen dëse Song fir d'Sonn aus der Provence. Props fir meng Bomi, déi mam Flair vum Süden iwwerlieft, mech mat hirem eepesche Couscous iwwerriet, dës Géigend gär ze hunn, dës Géigend ze schätzen an d'Natur op Hänn ze droen amplaz ze verletzen. Mir huele Plaz op enger Terrasse vum Cours Mirabeau. Duerch de Sonnebrëll gaffe mer diskret den Dammen no oder vergéissen dräi Tréine fir en Home Sweet Home, wann d'Sonn ënnergeet iwwert dem Vélodrome. Et ass schonn zimlech spezifesch, wat ech hei verzapen, am September dierfs du mir allerdéngs nees Béier zapen. Muncher vun iech wäerte mech vernennen, mee deen, dee schonn do ënne war, dee wäert sech erkennen. Dëst Thema ass net déif, mee nëmmen chill a beweegend. Mir liewe mat de Sënner an ech si begeeschtert. Mäi Summer gëtt geschaukelt vun Thymian an Tapenade, fir d'Sonn aus dem Süde schreiwen ech dës Serenade. Aha, come on, e bësse Balsam fir de Bols. Mir hunn all eis Roots an dorop si mer stolz. Aha, come on, e bësse Balsam fir de Bols. Mir sangen dëse Song fir d'Sonn aus der Provence.
4.
D'Spillplaz 05:10
Oh nee, ech gouf et grad gewuer: iwwert meng Spillplaz ass Gras gewuess. Wéi den Attila an seng Hunnen-Arméi hat ech geduecht, do, wou ech higinn, do wiisst kee Gras méi. Um Klettergerüst, do war ech zwar keen Held, mee meng Kannerwelt ass elo e gréngt Feld. Fréi aus de Fiederen a séier an d’Sandkaul, well ee mat fiichtem Sand déi beschte Buerg baut. Niewebäi de Kazekack mat ausgebuddelt, d’Hänn hu gefacht an d’Nues huet gesuddelt. Eis Spillplaz, mir dreiwen eist Onwiesen, hunn eis Dreem gefeiert bis zum Owesiessen. Ënnert deem Gras, do lieft de Geescht nach virun. Mir Kanner vun deemools, getest op Häerz an Nieren. Mir Kanner vun deemools, ech kann et bis haut spieren, dat war di beschten Zäit vun eisem Liewen. Baby, dat waren déi gutt Zäiten. Virun de gudden Zäite wëll ech mäin Hutt ergräifen. Mat der Zäit si mer vläit onerkannt méi räif ginn. Ech héieren ëmmer rëm mäin ënnert Kand jäitzen. Baby, dat waren déi gutt Zäiten. Virun de gudden Zäite wëll ech mäin Hutt ergräifen. Näischt bleift iwwreg, ausser d’Erënnerung, mee déi ka keen ons huelen, well mer se fir ëmmer hunn. Oh nee, ech gouf et grad gewuer: iwwert meng Spillplaz ass Gras gewuess. Wéi mer méi al gi sinn, ass d’Loscht verfloss an hunn d’Plastiksschëpp mam Walkman getosch. Mir hate Bock op Hard Rock an Hip-Hop, niewebäi nach féx eng Partie Jicke gezockt. Dat war de Glanz, mir hunn dobausse gelieft, frësch Loft op d’Panz vu Fréijoer bis Hierscht. Mat opgerappte Kleeder a wonne Knéien hu mir eis um siwe missen heem verzéien. D‘Zänn gewäsch an an de Schlof gegaapst als ongekréinte Prënze vun der Bouneweger Spillplaz. Mir Kanner vun deemools, eis gëtt et haut net méi. Mir Kanner vun haut, mir sëtze virun der Play- Station, um Facebook an op Twitter. Ech hunn d’Genéck geflext op d’Villerchersgezwitscher. Mat de Rollluede rof, de Controller ugeschweesst. Mir Kanner hunn haut Swag, ech hunn Immunsystem. Dass ech haut sou wéineg krank sinn, hunn ech dem Kazekack an der Sandkëscht ze verdanken.
5.
Korrekt 03:50
Mat méi oder wéineger Geheimratseck, eis Glatz kënnt korrekt an du hues dat direkt gecheckt, Freshdax kënnt korrekt. Mir hunn se fir d’Vrecken na net weggespeckt, eis Panz kënnt korrekt an du hues dat direkt gecheckt, Freshdax kënnt korrekt. Spontan wéi Tourette agespaant op dëser Achterbahn, wann ech meng Saach man, klappen ech dech wéi Schlagsahn. De Reimverfeinerer, deen dës Szeen mat Rahm versetzt, Rahm regelt alles ronderëm mech, ausser dës Sätz. Well ech benotze Begrëffer aus mengem Alldag wéi zum Beispill Ouereschlëffer oder Calamar. A wisou? Ma einfach sou, well ech et ka maachen. Wisou wielen tëscht Wellesitteg a Kanarie? Ech muss mech just hetzen, tommelen a fläissen, fir dir mat mengem Wortschatz d’Rommel ofzeräissen, dass du gesäiss, dass du mat denger Auswiel un honnert Wierder am Krees dréins an eis Sprooch ënnert d’Rieder bréngs. Denks, du kéins mat lénks eist Ierwen erwiergen, mat dengem virgeknate Knascht ewéi Erbriechen. Ech verfluchen deng Muschitéin à la Gucci Mane a knéie vrum Moment, wou keen Hunn méi no dir kréint. Du denks, mir hätte keng ze zielen, well mir kee Liewen hunn? Dass mir déi Léif Eedem sinn, vun Niewedrun? Mir hunn d’Häerz um rechte Fleck, mee mir zünde Bommen. D’Leit sollen eis soen, wéi korrekt mir kommen. An, hues du däi Kapp awer schonn a Rou geluet? Ech komme funky a makaber wéi eng Lowrider-Doudelued. Ech empfannen eng gewësse Liichtegkeet, schwätzen den Dudes an d’Gewëssen an de Mossen an d’Fiichtegkeet. Ech kann dat hei net méi verschweigen: D’Reesender a Richtung Routine, gi gebieden, ëmzesteigen. Stellen d’Weichen a verspeise Gleisen, dreiwen et bont wéi den James an net schwaarz-wäiss - Edward Steichen. Wéi s du héiers, sinn ech kee Perfektionist, mee zimlech pingelesch, wann s du den Accent net lassgëss, “don’t rap in English”. Sécher, ech fléissen och nach net wéi en Ami, mee an dëser Sprooch sinn onendlech Referenzen ze fannen. Eis Sprooch ass numol eng Barbaresprooch an däi Lëtzebuerger Emo-Schäiss hëlt keen der of!
6.
Sprang Drop 02:34
Mir kéinten ee mat deem anere léif sinn, wann eis Gehirer zesumme schaffe géifen. Mee mir si Lidderpänz, an ech droen de Fändel. Wann s du meng Lidder kenns, weess du, dass ech träntelen. Mäin IKEA-Canapé ass nawell sou gemittlech, dass ech sesshaft gi si wéi e Wellesittech. Mee onermittlech sichen ech no Méiglechkeeten, dës Welt z’entfessele vun hiren Héiflechkeeten. Mat geballter Fauscht schloen ech op meng Armlehnen. Ech reege mech op iwwert d’Banken an hir Darlehen. Eis Welt ass krank, an de Virus kënnt net vun ongeféier. Oh Merde, meng Pizza ass nach am Gefréierfach! A genau do ass mäi Problem. Ech hunn dach Potenzial, hunn en och ganz séier opginn. Dékonzentréierbar wéi e Kand am Heemelzoo lafen ech mengen Idealer nëmi no. Mir hunn all eise Wee, dës Welt ze verbesseren. Ech hu mäin Deel gemeet, ech gi mech nees tässelen. Ech hu mäin Deel gemeet, dës Welt z’entfesselen. Sprang drop, sprang drop, sprang drop! Mir hunn all eise Wee, dës Welt ze verbesseren. Ech hu mäin Deel gemeet, ech gi mech nees tässelen. Ech hu mäin Deel gemeet, dës Welt z’entfesselen. Sprang drop, a looss dech matrappen! Televisuell krut ech der haut nees béis an d‘Sabbel. Dëse Canapé ass awer sou confortabel. Do hëlt een d’Reiziwwerschwemmung gären a kaf a schléisst seng Hemmung gären an de Schaf. Déi leschte Kéier, wou ech op enger Demo wollt präsent sinn, ass et mir just drëms gaangen, d’Schoul ze schwänzen. „Aaah, Primout, du Schuft, du Egoist, du Onmënsch, komm eraus aus denger Gruft an erfëll deng Wënsch, dass Hoffnung statt Bommen iwwert de Globus kraacht. Wahrscheinlech waarts du rëm gekonnt bis Mokuchsdag? Setz däin Aarsch an den Aktiv-Modus a maach, dass du däi Frust vun der Couche op d’Barrikade verlagers!“ Ech gleewen halt net un d’Kraaft vun enger Manif. Erkläer dach ee mir et, ech si vläit just naiv! Wann s du dech hei versammels an dir d’Häerz erausbläers, hues du dach trotzdem keen Impakt op déi aner Hemisphär? Genau dat liicht mer net an, an dat mecht mech faul. Ech verdeelen der vill léiwer verbal an d’Akaul. Ech behaapte mech net drop, mee op d‘mannst hunn ech d’Gefill, eppes z’erreechen, wann dir an d’Lut gitt wéi Tschernobyl. Mat geziiltem Entertainment d’Symbiose aleeden, d’Energie ergräifen an op d’Welt ausbreeden. Mäi schlecht Gewësse fleet ëm Erléisung an dëst kléngt dach mol no nohalteger Léisung.
7.
Ech héieren iech dach all iwwert mech schwätzen. Ech zécken net, meng ganz Paranoia un den Dësch ze setzen, well all MC huet iergendwou Verfolgungswahn. Wann ech him iwwert de Wee lafen, wéi de V vu Volkswagen, mee muss du der dowéint direkt an d'Maul verginn? Leschte Kéier, wou ech nogekuckt hunn, wollt ech just ech selwer sinn. Du mengs, an dëser Crew wiere just Schwuchtelen dran? Dass ech rappen, fir dass ech mat den Äerm fuchtele kann? Majo, dann hues du wuel recht, mee leider Pech. Ech stiechen dech an deng Paranoia riicht an d'Täsch. Mir si komm, fir ze bleiwen, eis kriss du net ersat. A fir däin Diss hunn ech e Géigenargument parat: Sou ass dat an der Stad! Kriss eng Mëtsch fir 50 Frang an du bass nach net sat. Klamm mol aus dir raus a kuck dir laang an haart an d'Aen. Däin Humor huet souvill Grad wéi de Wanter am Alaska. Zesumme si mer onzerstéierbar wéi den 3310 vun Nokia. Dofir sot fuck yeah – fuck yeah! Fuck yeah – fuck yeah! Mir schlofen, wa mer dout sinn oder wann denger Mamm hir Crocs nees a Moud sinn. Dofir sot fuck yeah – fuck yeah! Fuck yeah – fuck yeah! Easy Bihzy, géi an Zisch of wéi Lispeler! Ech sinn chill, sou laang sech kee vun iech Freaks sech a mäi Business mëscht. Et geet ëm Prinzipien, a prinzipiell mécht all Bitch mir schnell hanne Plaz wéi e Minivan. Et sinn är Niddergäng! Keng Ahnung, mee wann deng Mamm stänneg op d‘Knéie bléist, sinn et dann net och Niddergäng? Den Typche rappt mat Freshdax, mir sinn och dacks frech, well d'Liewe mécht dech rau a mëll wéi en Dachspelz. Géint de Stroum, als wäre mer Lachsschwärm, op der Party d'elegant Hären, trotzdem asozial wéi Asperger. Kee Formel-1-Rennen an et richt awer no verbranntenem Gummi, noodeems ech deng Drecksgaus mat Kondom heesbangen. Se profiléieren sech, posen, Muskele kontraktéiert, dobäi gesinn se oft séier d'Stären a si mol net um Walk of Fame. Krass, ech si sou onräif, mee maach hei net op Boss-gläich, well du bass wéi franséisch Jongfraen – gossfräi. Et géing mech reizen, dech ze brieche wéi de Briechreiz, deen däi whacke Style mir gëtt, ëmmer rëm op Neits Gäizhals. Du hues dach méi Léift ze verschenken! Den Äisbierg, deen s du bass, géing d'Titanic léiwer versenken, wéi een ze fannen, deen deng Wäermt kéint empfänken, bei deem s du ee faschte kéins an eng ufänken. An jo, Hip-Hop ass däi Liewen! An nee, ech weess net, wat s du alles hues misse materliewen, fir elo hei ze stoen, dech an de Mikro ze bekloen. Du wiers mir sécher méi sympathesch, wann s du et géings verroden. Ech erweisen dir extrem wéineg Toleranz, well s du däi Fanger einfach net an denger Täsch hale kanns a mat volle Baken a plakegem Fanger alles a jiddereen an d'Pan klaaks a gratis uprangers. E Lidd, fir mir z'erklären, dass et dir egal ass, wat ech denken? Wisou léiss du dech da vu menger Meenung oflenken?
8.
De Julien, de Primout, dee vu Bouneweg, dee mat senger Mamm Videospiller loune geet. Dat war schonn zimlech cool, mat menger Mamm ze gamen. Punkto Erzéiung konnt ech wierklech téinen, mee punkto Style hat ech ni Härgott mat der décker Zéif. Hannendra mat der Moud an ni virbäi mat der Léift, well ech war ëmmer liicht ze déck, fir de Player ze sinn, komplexéiert an ze schei, fir veréiert ze ginn. 18 Joer fir d'Kéier ze kréien. An 20 fir vu Kommer zerstéiert ze ginn. Ech hat vill Kollegen, ech ka mech net bekloen, mee gouf als lescht gewielt, fir am Goal ze stoen. Jo, als klengen Décken huet een et net einfach. Meng Pullovere koumen aus dem Adler an aus dem C&A, et war net sou de KIK, mee fir Bad N Mad ze droen, war ech halt ze déck. Der Mamm hire Beschten, komm mech einfach un de Mic testen! Als klenge Bouf wousst ech, do kënnt ganz Grousses. Meng éischt CD war vu Guns n' Roses. O.k., baussen hunn ech ausgesi wéi en Dillendapp, mee dunn ass et lassgaang a mengem chille Kapp. Do hat ech eppes Apaartes, wat soss keen hat an et huet gutt geschmaacht, sou wéi eng Crèmetaart. Mäi Sënn fir Groove huet sech säitdeem entwéckelt. Fir de Groove liewen ech a gi vum Groove zerbréckelt. Als Fötus hunn ech schonn de Groove héieren. An der Gebärmutter konnt ech zum Meloman mutéieren. Si huet alles gelauschtert, ech maachen net de Geck, Son. Vun de Comedian Harmonists bis zum Michael Jackson. De Rhythmus ze halen, jo dat fällt mer liicht. Ech klappen an d'Hänn, mäin Tinitus piipst am Beat. An elo stinn ech hei mat mengem Style, an zwar e fetten. Sief et Hip-Hop, Elektro, Hardcore oder Metal, well ech war kee Punk, kee Streber an net Fashion. Just e Kand mam Gedanken, sech permanent z'iwwertreffen, an zwar mam freshe Gedankegang, deen sech an d'Ouere klemmt wéi Kletten. A wetten, ech retten däin adretten Alldag aus de Routinëketten. Der Mamm hire Beschten! Meng Inspiratioun kënnt vun de Skeletten, vun de Läichen, déi sech a mengem Keller gestaut hätten, wann ech net geléiert hätt, vu menge Problemer ze schwätzen an ze verstoen, dass fir mech ze schounen, muss ech mol anerer verletzen.
9.
An engem Land, an deem mir eis dauernd un d’Bee schéissen, kommen ech bei dech, fir däin Ënnergang ze begréissen. Ech sinn e Kënschtler an du bass e Kënschtler. Nu kuck, nu kuck, dat gönnen ech der dach. Mee do, wou s du spills, spillen ech wahrscheinlech net. Do ass de Punkt, wou d’Geschicht zwar peinlech gëtt. Ech hu vergiess, wéi et ass, däin Talent ze feieren, ouni mir dobäi latent een ofzeleieren. Knallhart Konkurrenz, ouni Neid an Haass. So, wéi war dat fréier, wéi s du nach méi tight waars? Wann ee mech freet, wéi ass de Concert sou abgaang, zielen ech em léiwer, wat vertrackt, verkackt an abgefuckt war. Ech Wrack, soss hunn ech mam Nacke geflackert, elo sinn ech festgetackert, wann s du dech ofrackers, feieren ech deng Feeler, gi beim Frohlocken ertappt. Wéini hues du mech fir d’lescht vum Hocker gerappt? Oh, oh Kolleg, elo gëtt et Streech. Deen doten Iwwergang ass däin Ënnergang. A mengem Bannendran hunn ech de Sënn erkannt. Ech sinn um Wee Richtung Troun, dofir plënner Mann! Ech si méi wéi Chef de Gare. Wat häss de gär? Ech si méi wéi Chef de Gare. Wat häss de gär? An dësem Land ass jidderee jidderengem säin Däiwel. D’Feegefeier ass mäi Freedefeier a melle mech fräiwel- leg. Meng Astellung ass Schrott, mee ech hu Vollkasko. Et geet dach näischt iwwert de séisse Parfum vum Fiasko. Ech kann dir leider soss näischt méi gönnen, well däi Kënnen zitt mäi Gewënn no ënnen. Wou ass en hin de Julien, wat ass nëmme lass? Wéi laang hunn ech scho keng lokal Band méi genoss? Wahrscheinlech zënter, dass ech selwer eng sinn. Ech misst mol rëm Props u meng Helde verginn. Ech war ni dee vivsten, mee mäi jugendleche Liichtsënn huet mir erlaabt z’erliewen, wat e Pond Kiischte Kascht, an ech hat d’Zäit vu mengem Liewen, wéi d’lokal Pionnéier op mech ofgefierft hunn. Ech sinn zevill verwinnt a bewosst um Quengelen. Dobäi hunn ech iech fréier genoss wéi Engelen. A meng Spiral dréint weider, onermiddlech down. Gëtt et eppes, wat mir den Appetit löscht? Wuel kaum! Am Fong hätt ech dech gären um Fong, mee scheinbar ass mir dat bis lo just selwer gelong. Ech sinn nees eng Diva, huet keen e Snickers? Ech haassen zwar deng Band, mee gëff mer trotzdem e Sticker. Mat deenen Tricker lenken ech vu menger Meenung of. Gaapsen, High Five, Deenung, Schlof.
10.
Ech géing mir sou haart wënschen, aus der Hood ze sinn, mee dann hätt ech guer kee Grond méi, de Primout ze sinn. Genau aus deem Grond ginn ech mech mat mengem Background zefridden, well ech numol ech sinn, an ech hu vill ze bidden. Mäin Humor ass vläit mäi Schutzmechanismus, mee du méchs hei mat dengem Wutz décken Zirkus. Du bass och aus dem Ländchen a méchs een op Gangster. Du denks dach, ouni Casier gëss du keng Star. De Biggy huet gehustelt an de Brooklyner Stroossen, an du wëlls dat op Bartreng oder Stroossen iwwerdroen? Kloertext, an engem Stil voll Mëssverständnisser: Wann s du vu Lëtzebuerg bass, bass du kee Gangster. Du bass aus dem Ländchen a vill ze vill verwinnt. Du hues d’Würfel net gerullt, mee och mat Jicke gespillt. Du rapps deng Rebellioun am Stéifpapp sengem Späicher an du muss bei him kräischen, fir dech rauszeschläichen, fir mat denger Rasselband ze hänken an eng fett ze stiichten, fir dass d’Flicken dech Strolch an den Aarsch biischten, fir ze sëtzen, muss du dech zwar schonn elle verschätzen oder awer d’Spankraaft vun denger Rosette wëllen testen. Ech maache mäi Message kloer wéi Béierpiss: Hal op ze posen a kuck, dass du d’Kéier kriss! Lektioun geléiert, du Homophob? D’Gummishänsch huet geflätscht – moien Här Proktolog. Check dat, du labers wéi eng Wäschfra! Homegirl, du weess, dass du whack bass! Eis Rhymes sinn Nektar, wierke wéi eng Smecta, Inui a Freshdax rocken dësen Track krass. Check dat, du labers wéi eng Wäschfra! Homeboy, du weess, dass du whack bass! Eis Rhymes sinn Nektar, wierke wéi eng Smecta, Inui a Freshdax rocken dësen Track krass. Op deng Ligegeschichte kann all Mënsch gutt drop verzichten. Du méchs een op Struggler, G, PIMP an Hustler, du bass e Braddeler, en domme Sabbeler! Alles, wat s du vun dir gëss, ass eng Einbahnstrooss an de Rektum. Verstinn deng Lyrics net, fir mech kléngen déi wei Tetum. Alles, wat aus dengem Mond kënnt, sténkt wéi e Koup duerchtränkte Lompen. Du schwätz vun donkele Gaassen, Hoes, Titten a Ghetto. Mäin Numm ass Inui an ech hunn aner Termini in petto. Dat hei ass Hip-Hop, ongefiltert, rau an netto. Geliwwert kriss du deen an der Form vun engem 48-Bars-Libretto, schwaarz op wäiss, jo souguer op recto/verso. Begeeschtere kanns du eis net wéi d’Kanner aus dem Verso. Am Atrium e Zwee-Mann-Gremium, fir dech gëtt d’Loft dënn wéi Helium. Looss eis där dat gesot hunn: Vun eis kriss du en negative Votum! Versteess eis net a kraz dech elo um Scrotum. Bass der Meenung, Niveau wir eng Hautcrème. Däi Problem ass däi mangelhafte Vocabulaire. Mir si geleet vun der Wourecht. Wéi déi dräi Kinneken an der Bibel vum Polarstär, leefs mat dengen Dudes duerch de Quartier vun Italien a gräifs dir dobäi un deng Mini-Genitalien. Däi Flow kënnt gedrëpst, wéi d’Waasser aus der Stränz. Hues du eng Preferenz? Hmm … Haaptsaach eng Gäns!
11.
Primout, du klengen Hipster, du sammels Placken, seriö kënns du Hammel mech elo domat sucken? Mat wat kann een dech da sou begeeschteren? Mat wéi enger Leidenschaft kanns du mir d’Waasser reechen? Jo sou eng Plack ass onpraktesch a schwéier an hëlt Plaz an, mee se ass wéinstens net gehimmelt nom éischte Krazer. Siwwenzeger, Achtzeger an Nonzeger. Sécher man di Krazer hire ganze Charme. An se dréint, dronken! Uh, dat audiophiilt Knisteren! Dat geet ab wéi Fonke bei Bensinkanisteren. Et geet mir ëm d’Knouteren an ëm d’Krakselen, ëm verstëbste Rillen, déi den Toun uginn, an ech kapsele mech of. Meng éischt Plack war vum Winnie Pooh, domat landen ech e grousse Vinyl-Coup. Mat hirer ganzer Crew maache si meng Mauere schéin, duerchbuere mech, wéi wann se op mech lauere géingen. E Graff nom schwaarze Gold an d’Fangere si stëbseger. Zéi d’Messer aus der Strëmp, well de gudde Loop, dee schnëtze mer. Zolveraner Kueb, mam Dax ënnerwee, dee mam Spuet op de Floumaart no Samples gruewe geet. Op der Sich no Jazz, Funk, Soul oder Kraut, eng gutt krätzeg Drum an de Beat, deen ass gebaut. D’Wuert kënnt geschoss wéi dem Miles seng Styles aus der Trompett. Nee, den Axelrod ass net Axelle Red. Fro eis keng Lächer an de Bauch, mir si keng 45, mir si Vinylfetischist, an dat ass net geféierlech. Nee, ausser fir de Portemonnaie, wann op den deiere Foiren eise Frick dropgeet. Mee de Vinyl killt den mp3-Star, an dat mat 33 Emdréiungen um 12-10er. De schwedeschen Expedit gëtt gefiddert a verwinnt, där fannt äech gutt, mee mär si mint. E Mosaik u Referenzen, en Äisbriecher, Stammdëschdiskussiounen hei uewen an der Wiertschaft. Dat eenzegt, wat ech weess, iwwert déi ganz Hipsterkeet, ass, dass en Hipster seng Placken am Urban Outfitters keeft, mee en huet d’Hänn nach ni déif an de Stëbs gesonk, op enger Foire an ëm den Eck an der Plackespelunk. An ech sinn een, deen dem Vinyldealer Dank seet, net nëmmen Tinitus ass eng audiophil Krankheet. Mat vill Gepiddels, ouni Mega-Goss, hunn ech sécher wéint dem Stëbs potenziellen Tetanos. Ech si kee Connoisseur, mee als Fan op zack, well bei denger Musekssammlung, do kréien ech Plack. Woubäi mer rëm beim Thema wieren, ech wëll no folgendem Schema liewen: Super Placken, super super super Placken, ech wëll Placken! Wat? Placken!
12.
D'Krawatten 03:25
Ech hat bal geduecht, elo wier ech erwuessen. Et ass Afterwork, mat lauter feschen Huesen, mat Minijuppen, déi de Barometer sprengen, déi hir Carrièresdreem am Mojito tränken. Mojito Ergo Sum, Krawatten hannendrun. De Rank an der Täsch an net um Fanger drun, d’Krawatte sëtzen um Troun, a sätzen den Toun. Darling weis mir d’Ausmoosse vun denger Ambitioun. ‘t ass dach wouer, du kleng Corporate-Houer! Bass du gutt geknuppt ginn? – Schueberfouer. Hei verbréngt all Biatch seng Carrière op de Knéien, an ech wollt dach just dem Chômage entfléien, als Grafiker an der Finanzwelt vum Kierchbierg, d’Krawatt huet mech erwiergt an et goung héich hir. Meng Krawatt bestätegt meng Verantwortung, meng eigentlech Aarbecht war eng Zoumuddung. Ziel mir net däi Liewen, well ech zielen dir lo mäint! D’Krawatte si verbäi, an ech fille mech sou fräi. Sincerely, cordialement, mit besten Grüßen – ech hat déi beschte Spréch, fir de Client ze sucen: Veuillez agréer Madame, Monsieur l’assurance de mes sentiments les meilleurs. “Ach, Herr Primout, Sie sind echt nett!” Ech kann et jo, mee dat do sinn ech net, dofir straight vum Kierchbierg op Esch/Alzette, wäit ewech vun de Fongen a fort vun all Knaschtkätt. Ech betruechten déi lescht dräi Joer mat Distanz an d’Escher Sonn brennt mir elo op d’Panz, mat manner Eleganz, mee méi Substanz. Badgen ech meng Präsenz mat engem klengen Danz wéi eng Antilope, goodbye glamour, sinn ech méi Philantrope wéi d’Schweigen der Lämmer, frequentéiere vill Rassen a vill domm Schnësser, si si meng nei Bridder, och wann si dat nach net wëssen. Ech sinn nees de Julien, net de Monsieur Primout A verdaamt namol, wat geet et mer gutt! D’Krawatt bleift elo mol Schaf doheem, well d’Krawatt passt net bei d‘Aloha-Hiem. Ech hat nach keng Zäit, dëse Wandel ze bedaueren, op dëser Terrasse kéint ech nawell sou versaueren. Ouni dass d’Krawatte mir oplaueren, kann d’Paus mol locker méi laang daueren. Vun der Glënnerwelt an d’Ënnerwelt sinn ech een, dee mol driwwer steet, mol drënner fällt. Mee ech war e Kënschtler, ech bleiwen e Kënschtler. A well ech et kann, erfëllen ech mir meng Wënsch nach. Stolper, stolper an de Jugendpëtz gefetzt. Vläit huet d’Krawatt mech virum Ersaufe gerett. Dës City ass en Challenge a bis ech den Dréi eraus hunn, chillen ech duerch d’City mat menge Beats by Dre un.
13.
D'Ausnahm 04:39
Déi Realitéit, déi scho laang op der Hand läit, et war alles just eng Fro vun der Zäit, bis ech meng Wuerzele mam Beil ausgruewen, mech bloussstellen, lo geet alles steil no uewen. Meng ënner Fuerwen sinn nach ni gestuerwen, bewierken d’Kettereaktioun wéi zu Kettenuewen. Mir sinn zu Lëtzebuerg, hal op mech ze luewen! Bei de Skills hunn ech dräimol de Fanger gehuewen. Mat iech luesen Huese wëll ech eh net mathalen. All Sonnden hänkt der dach an de Foireshalen, fir déi bescht Reklamm op Teneriffe an d’Croisière. Ech klemmen dir e stramme Riff hannert d’Snare fir d’Palpitatioun an d’Fonken an den Aen. Net alles Gold, wat glänzt, mee this is my time to shine. Spontan ginn ech mir eng reng Dimensioun, dofir wënschen ech mir och nach keng Pensioun. Strategesch täteg an du scheiters kläglech. Ech sinn d’Ausnahm, déi keng Regel bestätegt. Scho laang net méi gesinn! Wéi ergeet et dir der Deeg dann? Nee, Wahnsinn, du bass och Schoulmeeschter!? Ah pardon, beim Staat Redakter? Bass méi schëtzeg ënnerwee ewéi en Trakter. Ech well dech net pisaken, keng domm Bemierkungen, mee ey, wou ass dann do den Trick drun? Keng Risiken, keng Niewewierkungen, keng Visite beim Apdikter. Autsch, autsch, ënnert d’Gürtellinn. Schonn e Liewe gelieft, an deem et Hürde ginn? Déi eng oder aner vläicht iwwerwonnen? Gesponsert vun dem Papa all Mount iwwert d’Ronnen. Wa jo, da verkraafts du och dat do. Den einfache Wee ass net fir jiddereen dispo. Ech fir mäin Deel, hunn emmer gär gemoolt. Mee ni als Kënschtler, denke gewot. Strategesch täteg an du scheiters kläglech Ech sinn d’Ausnahm, déi keng Regel bestätegt Normal an der Schoul, borderline Streber, wollt ech mäi Coole spillen op enger C-Klass, mat all menge Frënn, e legendären Hanger, mol locker ëm e Joer verlängert, spéider dunn den Hangover mam Colli gefaasst. An d’Wësseschaft duerch Konscht ersat. Ech hat mir versprach, ze léieren, wat mer Freed mécht. Nach ni selwer gekacht, mee fort vun der Heemecht. Kee Bock op Kompromësser a geschass op d’Aussiichten. Dobäi ginn ech zou, mäi Wee war kee liichten. Ech drécken net gär op d’Tréinendrüs, mee Freed iwwer Goss ass eng treffend Excuse. Mat e bësse Mutt a ganz vill Häerzblutt steet en hei, dee Baaschtert vu Primout. Dobäi leet en all Wuert op siwe Goldwoen. Ab elo steet en do, wou en ëmmer wollt stoen.
14.
Dat hei si meng zwou Schoulen – Freshdax. Verhal dir den Numm wéi d’Crew genannt Swollen. Verbal Feinmotorik wéi Hänn a Moulen, halen ech de Fixspoun bei d’Kanounen. Hei komme meng zwou Schoulen, a soulaang ech net dout sinn, wäert ech hei keng Rou ginn! Mäi léiwen Hip-Hop, du bass net mäi Liewen, mee mat dir wäert ech ëmmer no Wourecht striewen. Schonn deemools, wéi ech nach e Softy war, war meng éischt grouss Léift d’Loftgittar, Well ech mat Leit houng, déi ze al fir mech waren, soutz op der Leitung, a muss haut nach laachen. Sinn aus der Roll gefall, an de Rock ’n’ Roll gefall. Meng Eltere mat Metallica vollgelallt a voll gefoltert, war gesond a monter, an hunn däi Shit mat haarde Riffs gekontert. Kee Kand vun Trauregkeet, e Kand vu Bouneweeg. Meng Ouere krute Streech, an all Kultur huet mech geprägt. An der Kantin vun der Primärschoul hu mer d’Kollegen d’Hand gi mat De La Soul. Mat mengen zwou Schoulen hat ech d’Hänn voll ze dinn. Wat kënnt elo? Bingo! Rage Against The Machine. Ka-ching! Alright o.k., ech war direkt verkaf. Dat do kënnt sou a mäi Liewenslaf. Ech knuppe Rhymes drop, drop, drop an dowidder, mee et geet näischt iwwert eng verzerrte Gittar. Meng zwou Schoulen. An wann dir wéi ech sidd, schmäisst är Hänn an d’Lut oder start e Moshpit! Dat hei si meng zwou Schoulen. Gebläert oder gerappt wäert ech ëm mäi Liewen flowen. Ech war net ze uerg pubertär a juvenil, mee Lëtzebuerg war nach net prett fir sou e Stil. Ech hu meng Riffs geflowt a meng Flows gerifft. Ech war fokusséiert, hu mir net d’Bir zougekifft, wann ech gelift! Fir déi Zäit z’iwwerbrécken, hunn ech deng Klengkarréiertheet misse schlécken a krut deng Punk-Scheiklappen opgezwongen. Du waars esou anarcho, sou fräi sou ongebonnen, eng Erënnerung, wéi wann dat gëschter war. Ech sinn net nodroend a kucke sécher op muar. Déi elitär Punk-Rocker vun de räiche Stroossen sinn déiselwecht, déi mir haut Zocker an den Aarsch blosen. Du kanns dech drop verloossen: dat hei si meng zwou Schoulen. Dass meng Schoule Style hunn, kanns du roueg zouginn. Mäi Revéier bleift mäi Revéier, 15 Joer op Krichsfouss a knéien net néier. Hip-Hop a Rock si geschaaft, fir ze verschmëlzen. 15 Joer, dass ech de Schäiss aus dir rausrolzen, an enger éierlecher Sich no Wourecht an Tugend, stiermen Barrikaden, veréiwege meng Jugend, mäi ganze Stolz a keen hëlt mir de Saaft. Meng zwou Schoule gi mat mir an d’Graf.
15.
Also ech maache meng Positioun op Anhieb kloer an et huet kee Wäert, hei elo grouss Hoer- spalterei ze bedreiwen, well dat dréit och näischt zum eigentlechen Thema bäi, wou et jo ëmmer nach soll drëms goen, dass du net einfach esou kanns higoen a soen, oder nach besser ausgedréckt « behaapten », ech géing sprange vun Hippches op Happches. Well vun Ufank un, a sécher och schlussendlech, sech deen eigentlech Betraffene muss erkenntlech maachen, soss tappe mer am Däischteren. Oder, wéi soen eis däitsch Frënn ? « Wir tappen im Dustern ». An da get muer gezielt, mir fueren no deem Muster, an entschëllegt d’Wuertwiel, bäissen eis an den eegenen … ech mengen, dir wësst schonn. D’Gerücht mécht der Deeg nawell gewëss schonn d’Ronn. Souwisou, et ass einfach, dëst an dat an d’Ronn ze geheien, wann een sech net mol d‘Zäit hëlt, Pro a Kontra auszeweien. Mee dir wësst jo, wat ee sou seet punkto alen Af, nediert ? Gesitt dir, lo hätt ech mech bal verlaf. An iwwerhaapt, do hu mer et nees, verstitt dir ? Genau do läit d’Konscht vu mengem Métier, oder besser gesot « Beruff ». Alles eng Saach vun der Perspektiv. Dat ass wéi d’Spektiv hannert dem Detektiv. Oder war et ëmgedréint? Nujee, et ass jo och egal, well wann d’Fakten um Dësch sinn, hu mir d’Wahl der Qual, euh, d’ Qual der Wahl, wuelverstan! An déi Informatioun ass net just fir den huelen Zant. Ech géing iech roden, dovun dat Bescht ofzeschneiden. All iwwerstierzte Folgerung géing ech wéi d’Pescht vermeiden. Anescht formuléiert, bréngt eis déi Démarche näischt. No laangem Iwwerleeën soen ech kategoresch « vläicht ». Manner Eukalyptus bedeit manner Koala Mee ech mengen eeeeh … bon voilà ! Hutus an Tutsis am Ruanda Mee ech mengen eeeeh … bon voilà ! Se blosen sech d’Bir weg beim Obama Mee ech mengen eeeeh… bon voilà ! Dräimol « vive » fir Wikipedia ! Well ech mengen eeeeh… bon voilà ! Wéi et dann sou steet mat deem ganzen Zingelabumm ? E gudde Rot: Huelt iech an Uecht, well soss ginn et der vum Housécker perséinlech. Heen huet jo eng Rutt. Am Géigesaz zu eis, eng Route ass net genuch. Et brauch een där méi, fir dass eng Idee sech entfale kann, fir dass déi eng Halschent « Jo » seet an déi aner sech enthale kann. Sou einfach ass et, mir hunn e Punkt A an e Punkt B. An elo ouni Sophistikatioun an ouni Prunk, nee ! Zéien ech, am Géigesaz zu iech, eng rit Linn tëschent deem, wat ass, an tëschent deem, wat kéint sinn. Ech recroquevilléiere mech net op geschwolle Begrëffer. Ech wëll jo net den Norde verléiere wéi verscholle Schëffer. Ech hunn nëmmen eng Meenung, dofir schwanken ech, ergräifen ech d’Geleegenheet a bedanke mech fir d’Ramifikatiounen, déi dës Fro zouléisst. Mee et ass dach sou einfach, wéi wann ee bouschéisst: do huet de Feil dach och seng Trajectoire ! Erklär mir een, wat elo sou tragesch war ? Et ass alles just eng Saach vu Réckhalt. Bon … an eng Saach vu Réckgrat, ech huelen dat zréck halt. Ech rektifiéieren : Réckhalt a Réckgrat. Autrement dit, ech huelen alles zréck grad. Dir Leit, jo genau dir, dir huelt alles fir boer Mënz, meng Positioun war op Anhieb kloer !
16.
De Julien, de Primout, dee vu Bouneweg, dee mat senger Mamm Videospiller loune geet. Dat war schonn zimlech cool, mat menger Mamm ze gamen. Punkto Erzéiung konnt ech wierklech téinen, mee punkto Style hat ech ni Härgott mat der décker Zéif. Hannendra mat der Moud an ni virbäi mat der Léift, well ech war ëmmer liicht ze déck, fir de Player ze sinn, komplexéiert an ze schei, fir veréiert ze ginn. 18 Joer fir d'Kéier ze kréien. An 20 fir vu Kommer zerstéiert ze ginn. Ech hat vill Kollegen, ech ka mech net bekloen, mee gouf als lescht gewielt, fir am Goal ze stoen. Jo, als klengen Décken huet een et net einfach. Meng Pullovere koumen aus dem Adler an aus dem C&A, et war net sou de KIK, mee fir Bad N Mad ze droen, war ech halt ze déck. Der Mamm hire Beschten, komm mech einfach un de Mic testen! Als klenge Bouf wousst ech, do kënnt ganz Grousses. Meng éischt CD war vu Guns n' Roses. O.k., baussen hunn ech ausgesi wéi en Dillendapp, mee dunn ass et lassgaang a mengem chille Kapp. Do hat ech eppes Apaartes, wat soss keen hat an et huet gutt geschmaacht, sou wéi eng Crèmetaart. Mäi Sënn fir Groove huet sech säitdeem entwéckelt. Fir de Groove liewen ech a gi vum Groove zerbréckelt. Als Fötus hunn ech schonn de Groove héieren. An der Gebärmutter konnt ech zum Meloman mutéieren. Si huet alles gelauschtert, ech maachen net de Geck, Son. Vun de Comedian Harmonists bis zum Michael Jackson. De Rhythmus ze halen, jo dat fällt mer liicht. Ech klappen an d'Hänn, mäin Tinitus piipst am Beat. An elo stinn ech hei mat mengem Style, an zwar e fetten. Sief et Hip-Hop, Elektro, Hardcore oder Metal, well ech war kee Punk, kee Streber an net Fashion. Just e Kand mam Gedanken, sech permanent z'iwwertreffen, an zwar mam freshe Gedankegang, deen sech an d'Ouere klemmt wéi Kletten. A wetten, ech retten däin adretten Alldag aus de Routinëketten. Der Mamm hire Beschten! Meng Inspiratioun kënnt vun de Skeletten, vun de Läichen, déi sech a mengem Keller gestaut hätten, wann ech net geléiert hätt, vu menge Problemer ze schwätzen an ze verstoen, dass fir mech ze schounen, muss ech mol anerer verletzen.

about

Freshdax huet einfach misse sinn.

E „Léiftkand“ souzesoen. Eng Idee tëscht dem Julien „Jools“ Primout, och Frontmann vun der lëtzebuerger Hardcore/Metal Formatioun Everwaiting Serenade, um Micro, an dem Jacques „StA“ Rasic, Hiphop Mastermind, DJ a Produzent vum T-The Boss aus de Foundation Kreeser.
Eng Erfëllung vun engem Dram fir deen Een, eng Ameesselung vu Kontinuitéit fir deen Aneren.

Freshdax as en Hiphop Duo, deen d‘Rad net nei erfënnt, awer de Pneu frësch oppompelt. Deen den Hiphop aus senger Komfortzone u bëllegem Sex a nach méi bëllege Bijou’en eraushëllt, an en dohinner zréckplazéiert, wou en higehéiert: Ennert d’Menschen.

Mat hirem ganze Witz, Charme an Zerbriechlechkeet. Freshdax as wéi eng al Koppel: Mir fighten, mee mir funktionnéieren a mir flowen.

Freshax as e gehuewene Mettelfanger un all déi Weekend-Revoluzzer, déi sech am Starbucks anchecken fir un hirem Buch ze schreiwen, an déi d’Welt mat Likes veränneren wëllen. Wanns du wierklech mengs dass déng Meenung relevant as, da setz se produktiv an relevant an.

Oder kuck dass se reimt. Fir de Rescht, ziel mir net däi Liewen

credits

released January 18, 2014

Recorded, mixed and mastered by Jacques Rasic at D4D Studios.
Artwork by Julien Primout.

license

all rights reserved

tags

about

Noiseworks Records Luxembourg

Noiseworks Records was founded and established in 1989/1990 by Karsten Zinsik, in Chemnitz, Germany. The beginning of a new era for noisy music in the east of Germany.

In 2013 the Trademark of noisy music will be rehabilitated and revived in collaboration with a new face: Giordano Bruno, founder of G Chord Records, 'Versus You' Bass Player and former CEO and creator of Winged Skull Records.
... more

contact / help

Contact Noiseworks Records

Streaming and
Download help

Redeem code

Report this album or account

If you like Ziel Mir Net Däi Liewen, you may also like: